Will Battin

Schrëftsteller

De Will Battin, gebuer den 19. Mäerz 1909 zu Däitsch-Oth, a gestuerwen den 10. Januar 1991 zu Wezembeek-Oppem, war e lëtzebuergesche Geschäftsmann, Europabeamten an Auteur.

Will Battin
Gebuer 19. Mäerz 1909
Däitsch-Oth
Gestuerwen 10. Januar 1991
Wezembeek-Oppem
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fonctionnaire, Auteur, Geschäftspersoun

De Will Battin dee vun 1918 un zu Esch gewunnt huet, hie war e Klassekomerod vum René Deltgen, huet säi Secondaire an der Escher Industrieschoul gemaach. Duerno goung hien op Léck fir do um Conservatoire Piano ze studéieren. Aus Finanzgrënn huet en dee Studium ofgebrach an huet duerno eng Zäit laang als Gerant vum Schonggeschäft Bata an der Stad geschafft. 1954 goung hie bei de Sproochendéngscht vun der CECA schaffen, an ass op Bréissel geplënnert.

Vun 1948 bis 1950 war hien am Redaktiounscomité vun de Cahiers luxembourgeois.

An den 1930er Joren huet hien haaptsächlech an de Schrëfte vum Escher Volksbildungsverein, an der Tribüne, am Neuer Luxemburger Kalender an an der Neue Zeit publizéiert.

Am Mëttelpunkt vu sengen Erzielungen, déi zum Deel autobiographesch oder familljegeschichtlech waren, stoung d'Welt vun den einfache Leit an d'Fro no der sozialer Roll vum Kënschtler.

Mataarbecht bei Zeitungen oder Zäitschrëften änneren

  • Les cahiers luxembourgeois.
  • D'Heemesch-La Patrie, eraus gi vun der Unio'n vun de Letzeburger Freihêtsorganisatio'nen (sic).
  • Der Neue Luxemburger Kalender, eng Publikatioun vum Tony Jugblut.
  • Die neue Zeit (1936-1940).
  • Die Tribüne Wochenzäitschrëft fir politescht a geeschtegt Liewen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren