D'Wikipedia op Däitsch (oder och: Däitsch Wikipedia) ass d'Versioun op Däitsch vun der Online-Enzyklopedie Wikipedia. Mat iwwer 1.800.000 Artikelen (Stand November 2015) ass si no der englescher an der schweedescher déi drëttgréisst Wikipedia-Editioun (awer déi schweedesch besteet gréisstensdeels aus vum Computerprogramm Lsjbot erstallten Artikelen).

Entwécklung vum Total vun den däitschen Artikelen

Geschicht änneren

Si gouf de 16. Mäerz 2001 als éischt weider Sproocheditioun eng zwéi Méint no der englescher Wikipedia gegrënnt[1], déi éischt Artikele koumen am Mee 2001 vun der däitscher Nupedia-Iwwersetzerequipe. Deemools gouf nach d'UseModWiki-Software gebraucht, déi leider al Artikelversiounen no zwou Wochen automatesch geläscht huet[2], wouduerch d'Versiounsgeschicht vun der Ufankszäit nëmmen onvollstänneg erhale blouf. Den 28. August 2002 gouf dunn déi däitsch Wikipedia op eng eegens fir Wikipedia entwéckelt Software ëmgestallt (Phas III: Aféierung vu MediaWiki)[3].

Den 19. August 2001 hat déi däitsch Wikipedia 1000 Säiten[4]. Uganks ass d'Enzyklopedie nëmme relativ lues gewuess, soudatt et anerhallef Joer gedauert huet bis de 24. Januar 2003 de Meilestee vun 10.000 Artikelen erreecht gouf.

De 24. Februar 2004 an an den Deeg duerno hu fir d'éischt grouss Medien an Däitschland iwwer Wikipedia bericht, ugefaange mat Spiegel Online[5] an den ARD Tagesthemen[6]. Bannent kierzter Zäit hu sech sou d'Benotzerzuelen an d'Säitenzougrëff verduebelt, an d'Server hate Krämpes mat deem Ustuerm fäerdegzeginn.

Den 13. Juni 2004 gouf de Veräin Wikimedia Deutschland – Gesellschaft zur Förderung Freien Wissens e. V. gegrënnt, en Chapter vun der US-amerikanescher Wikimedia Foundation Inc..

De milliounsten Artikel an der däitscher Wikipedia gouf de 27. Dezember 2009 geschriwwen, et war "de:Ernie Wasson".

Um Spaweck änneren

Commons: German Wikipedia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Jimmy Wales: [Wikipedia-l] Alternative language wikipedias, 16. Mäerz 2001
  2. Cf. KeptPages a mat der UseMod-Software bedriwwener MeatballWiki
  3. Jimmy Wales: German speakers, please test (Mailinglëscht Wikitech-l, 28. August 2002)
  4. Wikipedia Announcements vum 19. August 2001
  5. SPON, 24. Februar 2004: Wikipedia: "Ech weess eppes, wat s du net weeesst..."
  6. Englesch Matschrëft vum Bäitrag an den ARD Tagesthemen vum 25. Februar 2004