Wikipedia Diskussioun:WikiProjet Stroossennimm

Leschte Kommentar: virun 1 Mount vum Les Meloures

Moien, sollt een dann net vläicht och Nimm vu Plaze mat dran huelen? --Les Meloures (Diskussioun) 12:43, 3. Sep. 2024 (UTC)Äntweren

Jo, natierlech.
An nëmmen déi hei opschreiwen, déi am Ament vum Androen op dëser Säit nach keen Artikel hunn.--Zinneke (Diskussioun) 19:33, 3. Sep. 2024 (UTC)Äntweren
Et wier och flott eng Lëscht vun all dëse Perséinlechkeeten ze hunn, a wou eng Strooss oder Plaz no hinne benannt ass. Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:01, 3. Sep. 2024 (UTC)Äntweren
Dat wieren der Honnerten (hei sti jo just déi ouni Artikel). Ech wëll keen zréckhalen, sou eng Lëscht ze maachen, ma fir d'éischt emol Artikelen zu deen Leit ze hunn, schéngt mer dach méi wichteg/nëtzlech: Et sicht éischter een dono, weeen eng bestëmmt Persoun war a wat déi gemaach huet fir dass eng Stroos no hir genannt gouf, wéi dono, a wat fir enger Uertschaft et en Odonym zu enger Persoun gëtt... Zinneke (Diskussioun) 21:47, 3. Sep. 2024 (UTC)Äntweren
Fir se séier erëmzefannen kéint ee vläicht bei deene Persounen eng Kategorie uleeën: Persounen no deenen eng Strooss oder eng Plaz zu Lëtzebuerg genannt ass. --Les Meloures (Diskussioun) 16:52, 4. Sep. 2024 (UTC)Äntweren
> hei ass se: Kategorie:Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass.
Zréck op d'Projetssäit "WikiProjet Stroossennimm".