Wikipedia:Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch/ArchivDE

Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch ? - Dat freet een sech oft. Hei d'Archiv vun den däitschen Ausdréck déi schon nogefrot goufen. Nei Begrëffer kënnen hei nogefrot ginn.


Index A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z

Amtsträger änneren

... eng Fro vum Marcus (heihi gesat vum --Pecalux 08:24, 21 Februar 2006 (UTC))

Fir de Suffix "-träger" hu mer "-dréier" (wéi a Bréif-, Gepäck- oder Nobelpräisdréier). "Amtsdréier" klengt mer awer zimmlech 'barbaresch'. Dat misst dach och z'emschreiwe sinn ("deen, dee grad XY (wat och ëmmer den Titel vum "Amt" ass) ass").
--Zinneke 09:06, 21 Februar 2006 (UTC)

A wanns de géifs d'franséischt Wuert "Fonctionnaire" huelen? Myriam 09:15, 21 Februar 2006 (UTC)

aufblühen änneren

Was heißt auf luxemburgisch: "Comenius blüht auf."?

Ich habs mal hierher verschoben. Ich bitte ebenfalls um eine Antwort darauf. :o) --Thogo (Diskussion) 23:14, 10 Januar 2007 (UTC)

"De Comenius blitt op." Bitte schön. --Cornischong 23:17, 10 Januar 2007 (UTC)

Danke, auch im Namen des anderen Benutzers. >:O) --Thogo (Diskussion) 23:21, 10 Januar 2007 (UTC)

Fir den Draach-Artikel änneren

Hätt ech den Owend kéinte froen, hunn ech awer vergiess. Ech wollt nach e puer "Drachentöter" dra setzen, wéi nennen ech déi dann op lëtzebuergesch? Myriam 00:08, 22 Juli 2006 (UTC)

"Draachekiller", héiert sech e bësse rabiat un, mee eppes anescht fällt mer net an. --Cornischong 05:32, 22 Juli 2006 (UTC)

Ebene änneren

Ech weess ganz genau datt ech dat Wuert hei scho mol op lëtz. gesinn hunn, well ech extra nach nogefrot hat; mee mengt der ech géif dat erëm fannen? :-( Myriam 21:20, 22 Februar 2006 (UTC)

Neen, ech mengen, du géifs dat net erëmfannen. --Cornischong 21:28, 22 Februar 2006 (UTC)
dat hängt awer stark vum Kontext of: Mathé an iwwerdroene Sënn: Plang; Geographie: Plaine ... --Marcus 21:33, 22 Februar 2006 (UTC)
"flaacht Land" an "Niveau" zielt eis den DLW, wann dat d'Fro war :-) --Cornischong 21:37, 22 Februar 2006 (UTC)
Glécht oder Gläicht ass och nach eng Méiglechkeet Kaffi 22:12, 22 Februar 2006 (UTC)

Nee ass schonn ëm d'Geo gaang. Merci Kaffi, dat war et wat ech gesicht hat, wann ech mech net iere war et an engem Artikel vum Alexandra. Ech mengen dann huelen ech dat emol. Merci och Marcus a Cornischong. Myriam 22:30, 22 Februar 2006 (UTC)

Eiserner Vorhang änneren

Ech hu beim Jean-Paul II. mol e bësse verbessert an den "Eisenen Virhang" wéi en do stung als "Eisene Riddo" verbessert. Huet een e bessere Virschlag? Harry-PC 22:32, 26 Februar 2007 (UTC)

Tipp topp. Dat ass et . --Cornischong 22:48, 26 Februar 2007 (UTC)

Elben (Lord of the Ring) änneren

Majo, ech sinn grad am gaangen, e puer Artikelen iwwert Mythologeschen Figuren ze schreiwen. Well mer fir esou Figuren awer aal lëtzebuergesch Nimm hunn (wéi Zwak am plaz vun Zwerg) wollt ech froën, wéi mer do mat den Figuren/Vëlker aus dem Tolkien senge Geschichten verfuere sollen? A orignal heescht déi next Gestalt, déi ech mer virknäppe wollt, Elf. Am däitschen hu mer d'Bezeechnung Elb. De Virwierder a senge Bicher no, huet den Auteur "Elb" och favoriséiert an et bedauert, datt et dat am engleschen net gëtt.

Lo hunn mer awer schon zënter 6, 7 Joer eng offiziell lëtzebuergesch Ausgab vum "Klengen Hobbit", an déier sech den Auteur d'méih gemaach huet, aal lëtzebuerger Ausdréck dofir ze fannen (Beispill Baudessen etc.). Hei fënnt een fir Elb also "Ellef" (sing.) resp. "Elwen" (méizuel) an d'adjektiv "elwesch". Wéi solle mer dann elo domadden verfueren? Vu datt et fir ganz vill Elementer ueral lëtzebuerger Ausdréck ginn, misst dat jo schon eng gewësse relevanz hunn, sou datt een net unbedingt op déi englesch Ausdréck poche muss, oder wat meng dier? --JimHawk 08:50, 16 November 2007 (UTC)

Flott, datt dee Rayon hei sou lues gerëscht gëtt. Wa mer schonns eng Iwwersetzung hunn, dann déite mer, no menger Meenung, am beschten d'Ausdréck vun do ze gebrauchen. Fuer duer. --Cornischong 10:29, 16 November 2007 (UTC)
Sinn der selwechter Meenung. Mir däerfe just net vergiessen dat eent oder anert am Portal:Middle-earth z'änneren, ugefaang mam Numm. Flotten Artikel iwwert d'Zwaken iwweregens! Kaffi 17:41, 16. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Kalkbuchenwald änneren

Mir feelen nach déi passend lëtzebuergesch Wierder fir Kalkbuchenwald a Schichtstufe. Kann ee Kallekbichebësch a Schichtenniveau soen oder wéi sinn déi lëtzebuergesch Fachausdréck? --Tomateus 08:00, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Kallekbichebësch schengt mer OK, Schichtstufe hunn ech als Schichtstuf an d'lb-Wiki gesaat, en internationlen Ausdrock ass Cuesta (do bastelen ech elo emol direct e REDIR)--Marcus 08:12, 9 Mäerz 2006 (UTC)
dee REDIR gëtt et jo schonns --Marcus 08:13, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Kelch änneren

Wou ech schonns bei der Liturgie sinn an nach epuer Fotoen an der Reserv hunn: wéi heescht Weihrauch a Kelch riteg op ltz?--Marcus 21:21, 27 Februar 2006 (UTC)

ee Kielech, vill Kielecher / Wäirauch --Cornischong 19:12, 28 Februar 2006 (UTC)

Ech si lo kee lëtzebuergeschen Expert, mee ech soen och Wäirauch, mee awer e Kelch (ass da nozekucken) Myriam 22:35, 2 Mäerz 2006 (UTC)

  • Et ass villäicht keen korrekt letzebuergesch, mee eis Paschtouer, den Här Hamus, huet emmer "Wäirauch a Kellech" dozou gesot <-- nëmmen sou als Iddi --JimHawk 16:13, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Karlskirche änneren

Bonjuer, ech wollt emol ufänken, eppes iwwert d'Karlskirche vu Wien ze schreiwen an hunn mech gefrot, op een déi och eventuell "Charelskierch" nenne kinnt (sou wéi mer och d'Mëchelskierch hunn), zum Beispill als Redirect op Karlskierch? Wat mengt dier? merci am virraus --JimHawk 08:38, 25 September 2007 (UTC)

Moien. Well et där Karlskierchen bestëmmt nach gëtt, wier et besser d'Wuert "Wien" mat anzebauen. Also "Wiener Karelskierch", Karelskierch Wien", "Karlskirche Wien" (wéi se "am Original" heescht). Dat sinn einfach emol Virschléi. Fuer mol einfach lass, dat ass d'Haaptsaach. Wann s de valabel Fotoen dovun hues, wier dat ganz gutt. Fotoe vun der Freskemolerei wieren natierlech formidabel. --Cornischong 08:57, 25 September 2007 (UTC)
Ok, merci emol fir déi séier Äntwert. Fotoen hunn ech der eng gudd Rëtsch matbruecht, deelweis besserer wéi an der däitscher wiki --JimHawk 08:59, 25 September 2007 (UTC)
Wéi nenns de dann elo deng Kierch? Mat de Fotoe sinn ech natierlech gespaant, well ech nach ni do war. --Cornischong 09:06, 25 September 2007 (UTC)
Ech giff den Artikel "Karlskirche (Wien)" nennen, well "Karlskirche" den "offiziellen" Numm ass a "(Wien)" den Zousaz ass, fir se vun anere Kierchen, déi dem Hellege Karel/Charel/Karl/Carlos/... geweit sinn, z'ënnerscheeden. Am Artikel kanns de se da menger wärreg "Karelskierch", "Charelskierch" oder wéi och ëmmer nennen. --Zinneke 12:19, 26 September 2007 (UTC)

Leuchtturm änneren

Den DLW seet "Liichttuerm", den DFL seet awer "Leuchttuerm". Solle mer de Frang geheie fir gewuer ze gi wee Recht huet? Oder hunn se um Enn allen zwee Recht? --Pecalux 12:28, 13 Juni 2007 (UTC)

Mär hunn hei Liichttuerm, e redirect gëtt gläich gemaach. --Zinneke 12:52, 13 Juni 2007 (UTC)
Gudde Moien
Wa mer d'Wiel hunn zeien ech Liichttuerm vir. Dat klengt op jiddferfall méi lëtzebuergesch.
Ech hat emol bei de Redakteren vun deenen zwéin Dictonnairen nogefrot wou déi Ënnerscheeder hier géife kommen, well awer kengem déi Äntwert zoumudden. Mer sinn nach wäit vum perfekte Lëtzebuergesch ewech, och an den Dictionnairen, soulaang wéi déi sech net konsequent bleiwen an net an den neisten Editiounen op d'Verännerungen hiweisen an erkläre firwat geännert gouf. Eng wëssenschaftlech Basis schéngt op jiddferfall bei sou Tricken net ze existéieren Les Meloures 12:52, 13 Juni 2007 (UTC)
Moien,
natierlech gëtt et keng wëssenschaftlech Basis: et gëtt keng Norm, keng Akademie a kee Gesetz (an et soll menger Meenung no och keng ginn!) fir ze soen, wat "richteg" ass. Ech huelen un, mat deenen zwee Dictionnairë mengs de den Däisch-Lëtz an de Frz.-Lëtz. Dës sinn allebéid d'Resultat vun der impressionanter Benediktineraarbecht vun een, zwee Leit, déi dat aus eegener Initiativ (an op Basis vun hirem Sproochgefill - à la riguer, andeems se ronderëm sech gefrot hunn wéi "een" dofir seet) geschafen hunn.

Dofir si mer hei nach ëmmer mat Redirecten, a wann néideg, Ëmschreiwungen, gutt gefuer, a sollten dat och weider sou maachen, ouni eis de Kapp zevill ze zerbriechen, wat dann elo "richteg" ass a wat net.

--Zinneke 13:02, 13 Juni 2007 (UTC)

Mauereidechse änneren

Huet vläicht een déi lëtzebuergesch Nimm fir Schlingnatter (Coronella austriaca), Mauereidechse (Podarcis muralis) an d'Zauneidechse (Lacerta agilis). A menge Biche fannen ech näischt. --Tomateus 09:18, 12 Mäerz 2006 (UTC)

D'Lacerta agilis (Zaun-Eidechse) ass eng "Bëschfeieromes".
Bei der Mauereidechse gëtt de Klees a sengem Luxemburger Tiernamen als w¨ssenschaftlechen Numm "Lacerta muralis " un (!?) dat ass d' "Feieromes".
D'"Schlingnatter" hunn ech net am Klees fonnt. Huel emol fir déi den däitschen Numm (a léiwer de wëssenschaftleche mat derbäi). --Cornischong 09:38, 12 Mäerz 2006 (UTC)
Eng "Natter" ass op alle Fall eng "Adder". --Cornischong 09:46, 12 Mäerz 2006 (UTC)

Mannschaft änneren

Nodeems elo schonn an en etlech Artikelen, ëmmer erem vun de Mannschafte Rieds geet, wollt ech emol eng Kéier hei nofroen op et dat Wuert op lëtzebuergesch esou iwwerhaapt gëtt. D'Nationalequipe schéngt mer "méi richteg" wéi d'Nationalmannschaft, oder net? Op mannst am Rinnen/Reuland steet nëmmen d'Equipe ... mee deem Wierk kenn ee jo och net wierklech trauen. Kéint een dat w.e.g. emol am DLW nokucken? Et ass mer net fir hei de Purist ze spillen, mee Mannschaft schéngt mer v.a. am Zesummenhank mam Futtball guer a glat net geleefeg ze sinn ... --Kaffi 15:29, 10 Abrëll 2006 (UTC)

Eng Equipe, vill Equippen. --Cornischong 15:42, 10 Abrëll 2006 (UTC)

Mahd änneren

Gëtt et e Lëtzebuergescht Wuert fir "Mahd"? --Tomateus 05:26, 3 Mee 2006 (UTC)

Ech kennen "an d'Hee goen" dofir, wann dat geméitent a gedréchent Gras zesummegeraf an a Botte gepresst gëtt. Mee fir déi Actioun virdru kann ech just mat enger Ëmschreiwung je no Kontext wéi "Méie goen" - "Dat geméitent Gras" - "et gëtt geméit", asw. dingen... --Zinneke 07:42, 3 Mee 2006 (UTC)

Op jidde Fall as et nit an d'Heegoen oder Hee maachen. Dat ass de lëtz., Ausdrock vum däitschen Heuen. Et ass einfach Méihen. Et kann een och méihen ouni dass Hee gemeet gët. 81.243.165.241 06:45, 2 September 2006 (UTC)

Mëttelalterlech Tricken änneren

  • Ritter
  • Knappe
  • Kirchenbüttel
  • Ablass (Kierch)
  • Vogt

... si mir mol spontan agefall an ech wees net wierklech wéi een dat iwwersetzt :) --Briséisβρισεισ 15:16, 3 Mee 2006 (UTC)

  • Du wäers dech wonneren, dat heescht "Ritter"
  • Huel Knappe, da weess all Mënsch wat gemengt ass
  • Tjo, wat ass eigentlech domat gemengt? Et gëtt e puer Bedeitungen.
  • Ablass, wéi einfach d'Liewe ka sinn
  • Vogt oder Beamte vum Landeshär --Cornischong 21:03, 18 Mee 2006 (UTC)

Nobel ass de Präis änneren

awer ech hu Problemer d'Wuert "Nobelpreisträger" an de Kalennerblieder mat Nobelpräisdréier z' iwwersetzen. Huet keen eng besser Iddi freet Melusina 20:14, 30 Juni 2006 (UTC)

Mat deem Problem hate mer eis ganz um Ufank schonns d'Hirschuel verstaucht. Huel de Nobelpräisdréier alt mat a Kaf. --Cornischong 20:31, 30 Juni 2006 (UTC)

Raubvogel änneren

Ech brauch och Hëllef: wat heescht da "Raubvogel" op lëtzebuergesch? Myriam 00:23, 18 Februar 2006 (UTC)

Ma där ka gehollef ginn: "Raubvull". Gär geschitt. --Cornischong 01:22, 18 Februar 2006 (UTC)

also bis elo waren dat fir nach ëmmer Gräifvullen, an esouguer op däitsch seet een hautdesdags éischter Greifvögel cf de-wiki--Marcus 07:59, 18 Februar 2006 (UTC)

Dat ass ee Beispill vun der Qualitéit vum: Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch!!!. Déi schreiwe "Raubvull". Souguer den DUDEN gëtt un, datt Raubvogel veraalt ass. Wa mer hei zu méi wieren, an déi Iddi ass mer net nei, hätte mer schonns eng Zäitschen ugefaange mat engem eegene Wierderbuch!! Een Trouscht:D'Aarbechte fir deen neien "offiziellen" Dictionnaire si beim Buschtaf "A" ukomm!!! --Cornischong 09:20, 18 Februar 2006 (UTC)

Wéi ass et dann elo richteg, well déi franséisch Wiki [1] ziel zu de Raubvullen net nëmmen d'Gräifvullen, mee och nach d'Eilen dozou? Dat sinn awer zwou verschidden Uerdnungen. --Tomateus 10:10, 18 Februar 2006 (UTC)

Et ass duerchaus méigelech tëscht wëssenschaftlechen a vernaculairen Denuominatiuonen ze ënnerscheeden; ech huelen emol un datt d'Myriam hei keng systematesch-taxonomesch Äntwert wollt, mee e Wuert fir den alldeegleche Sproochgebrauch. Momentan ass et jo och esou datt d'Systematik esouséier evoluéiert datt een bal net ka wëssen op an 20 Joer nach an der Taxonomie vun Gräifvulle geschwaat ginn, mee am Alldag wärt dat nach secher de Fall sinn (falls mmer se bis dohin net ausgerott kruuten).--Marcus 12:43, 18 Februar 2006 (UTC)

Ech änneren de "Raubvull" da mol a "Gräifvull" ëm - Merci

Rennrodeln änneren

Ech hoffen et fiert elo kee mat mer Schlittschong hei wann ech nofroe muss, wéi dat däitscht Rennrodeln resp. dat franséischt luge op lëtz. genannt gëtt ... Ech tendéieren zu Schlitt oder Schlittfueren. D'Italiener hu jo och hiert wonnerbart Slittino :-) Oder solle mer et beim Rodeln beloossen? Merci Am Virraus! Kaffi 23:14, 21 Februar 2006 (UTC)

Deng Tendenzen zu Schlitt oder Schlittfuere kann ech nëmmen ënnerstëtzen. "Rodelen" kléngt definitiv wei ... "jodelen" ;-) --Zinneke 23:29, 21 Februar 2006 (UTC)

Wann e Rennwagen e "Rennauto" ass oder e "Courseauto", da géif ech ouni ze zécken, "Rennschlitt" huelen, also "Rennschlitt fueren". All Mënsch weess, wat gemengt ass, an dat ass tipptopp. --Cornischong 23:33, 21 Februar 2006 (UTC)

Rohrkolben änneren

Wéi nennt ee "Seggen" op lëtz. an heescht de "Rohrkolben" Christusstaf op lëtz.? --Tomateus 13:45, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Die Segge ass dat norddäitscht Wuert fir Riedgras oder Sauergras (Duden!). Dat ass op l. "eng Bëns" oder "eng Lësch". Beim Rohrkolben géif eis de laténgeschen an/oder de franséischen Numm weiderhëllefen. --Cornischong 15:50, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Scheiterhaufen änneren

Wiem fält eppes an? Et ass jo haut aktuell. --Cornischong 09:21, 17 Februar 2006 (UTC)

Mier net, ech hun am Artikel iwwert den Herakles och einfach de "Scheiterhaufen" stoe gelooss. Myriam 09:38, 17 Februar 2006 (UTC)
"Scheetkoup" wier zwar eng linguistesch akkurat Iwwerdroung, mee huet dee Schéinheetsfeeler, dass et dat Wuert am Sproochgebrauch net gëtt. Ech mengen, do bleift näischt ewéi d'Saach z'emschreiwen: "Exekutioun duerch Verbrennen" - "duerch d'Feier higeriicht" - "zum Doud verurteelt a verbrannt ginn", asw. --Zinneke 10:04, 17 Februar 2006 (UTC)

Stute (fr. jument) änneren

Nach eent. De Luxdico iwwersetzt mat "eng Mier", wat ech zwar nach net héieren hunn, mee wat mech awer un déi däitsch "Mähre" erënnert (dobäi stellen ech mer allerdings éischter en ale Klepper vir). Myriam 22:49, 19 Februar 2006 (UTC)

Den DLW seet och "eng Mier, vill Mieren. Also lass; ausser datt nach e Veterinär sech mellt :;-)) --Cornischong 22:59, 19 Februar 2006 (UTC)

OK, da setzen ech dat mol esou dran, mee wann ech dat richteg verstan hunn, hues du dat och nach net héieren? Myriam 23:37, 19 Februar 2006 (UTC)

"Hengscht" fir de Mossiö, "Mier" fir d'Madamm Päerd, dat kann ech confirméieren.

--Zinneke 10:41, 20 Februar 2006 (UTC)

Gudde Moien:

A Fillen oder och alt emol Fuel fir de Puppelchen.
A fir de geluechten Hengscht: e Minneg oder Minnech (Schreifweis net secher)
De sougenannten ale Klepper heescht op däitsch Schindmähre an op franséisch haridelle.
Op lëtzebuergesch kennen ech nëmme Kläpper (een dee sech gäeren zerklappt). Les Meloures 12:42, 8 Februar 2007 (UTC)

Schichtstufe änneren

Mir feelen nach déi passend lëtzebuergesch Wierder fir Kalkbuchenwald a Schichtstufe. Kann ee Kallekbichebësch a Schichtenniveau soen oder wéi sinn déi lëtzebuergesch Fachausdréck? --Tomateus 08:00, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Kallekbichebësch schengt mer OK, Schichtstufe hunn ech als Schichtstuf an d'lb-Wiki gesaat, en internationlen Ausdrock ass Cuesta (do bastelen ech elo emol direct e REDIR)--Marcus 08:12, 9 Mäerz 2006 (UTC)
dee REDIR gëtt et jo schonns --Marcus 08:13, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Schlingnatter änneren

Huet vläicht een déi lëtzebuergesch Nimm fir Schlingnatter (Coronella austriaca), Mauereidechse (Podarcis muralis) an d'Zauneidechse (Lacerta agilis). A menge Biche fannen ech näischt. --Tomateus 09:18, 12 Mäerz 2006 (UTC)

D'Lacerta agilis (Zaun-Eidechse) ass eng "Bëschfeieromes".
Bei der Mauereidechse gëtt de Klees a sengem Luxemburger Tiernamen als w¨ssenschaftlechen Numm "Lacerta muralis " un (!?) dat ass d' "Feieromes".
D'"Schlingnatter" hunn ech net am Klees fonnt. Huel emol fir déi den däitschen Numm (a léiwer de wëssenschaftleche mat derbäi). --Cornischong 09:38, 12 Mäerz 2006 (UTC)
Eng "Natter" ass op alle Fall eng "Adder". --Cornischong 09:46, 12 Mäerz 2006 (UTC)

Seggen änneren

Wéi nennt ee "Seggen" op lëtz. an heescht de "Rohrkolben" Christusstaf op lëtz.? --Tomateus 13:45, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Die Segge ass dat norddäitscht Wuert fir Riedgras oder Sauergras (Duden!). Dat ass op l. "eng Bëns" oder "eng Lësch". Beim Rohrkolben géif eis de laténgeschen an/oder de franséischen Numm weiderhëllefen. --Cornischong 15:50, 30 Mäerz 2006 (UTC)

Sonnenwende änneren

Huet een eng Iddi zu "Sommer-" oder "Wintersonn(en)wende"? Myriam 22:17, 5 Abrëll 2006 (UTC)

Eigentlech keng. Spontan ging ech eppes ewéi Summersonnewenn / Wantersonnewenn soen. Mee op et dat Wuert "Wenn" fir "Wende" wierklech gëtt wees ech net :-) --Briséisβρισεισ 08:34, 6 Abrëll 2006 (UTC)

Wuppertaler Schwebebahn änneren

Wéi solle mer dann dat "Déngen do" nennen? --Cornischong 17:55, 7 Abrëll 2006 (UTC)

Menges Wësses gëtt et esou en Dénge just do zu Wuppertal. Da giff ech deen Numm och esou loosse fir den Titel vum Artikel. Am Text kanns de, als Explicatioun, et mat "Schwiefbunn" probéieren - dat versteet een, och wann et et net als Wuert gëtt. --Zinneke 07:39, 3 Mee 2006 (UTC)

Sieg änneren

Am Artikel Lordi hänken ech u folgendem Saz: "...für den ersten finnischen Sieg beim...". Wéi léisst sech "Sieg" op lëtzebuergesch iwwersetzen? Gewënn? merci am viraus ^^ --JimHawk 10:07, 5 Mäerz 2007 (UTC)

Am Sport asw. gëtt jo meeschtens "Victoire" geholl, well "Siisch" esou schéi fuerchtbar kléngt. Deemno hei: "Déi éischt finnesch Victoire..." oder vläit, nach besser, einfach ëmschreiwen: "Déi éischt Kéier, wou d'Finne beim/am ... gewonnen hunn". --Zinneke 10:15, 5 Mäerz 2007 (UTC)
Den DLW proposéiert Victoire an den DFL (niewent der Victoire) och nach de Sig. --Pecalux 10:14, 5 Mäerz 2007 (UTC)
Merci, fir déi séier Hëllef :) ech giff soën, ech huelen dann léiwer "Victoire", well am nächste Saz geet et nach eng Kéier em d'Victoire an do gëtt et schon ëmschriwwen... zweemol emschriwwe hannerteneen liest sech och net gudd --JimHawk 10:20, 5 Mäerz 2007 (UTC)

Strickliesel änneren

Wéi heescht dat Déngen do [2] op Lëtzebuergesch? Gebraucht gëtt et fir den Heekelcrochet -Artikel. --Cornischong 12:12, 23 Mäerz 2007 (UTC)

Ech kennen dat als "Stréckgréidel" (Schiertz Roger)

Moien a Merci. --Cornischong 13:42, 23 Abrëll 2007 (UTC)

Unverletzbarkeit änneren

Een eng Iddi? Also eng "Wonn" hunn ech fonnt, mee ech mengen dat Wuert gëtt et net op lëtz. Wéi kann een dat damm emschreiwen? De Satz ass "Der Aberglaube ist eng verwandt mit (...) der eigenen Unverletzbarkeit" Myriam 22:34, 21 Mäerz 2006 (UTC)

"Een deen een net blesséiere kann" ging ech mol soen. --Briséisβρισεισ 22:44, 21 Mäerz 2006 (UTC)

Jo, mee et geet jo net em eng Persoun, mee em eng Eegeschaft. Myriam 22:59, 21 Mäerz 2006 (UTC)

Ventil änneren

Dass "Ventil" op lëtzebuergesch "Ventil" (oder Soupape) heescht, ass kloer. Net esou kloer ass, op et "dee Ventil", "déi Ventil" oder "dat Ventil" ass. Den DLW, op dee mer eis jo eng Zäit laang verlooss hunn, behaapt dass et weiblech wier, also "déi Ventil". Den DLF schreift par contre dass et souwuel männlech wéi weiblech an och nach sächlech wier. Kann dann elo jidderee schreiwe wat e perséinlech fir richteg hällt oder eenege mer eis op eng bestëmmte Form? --Pecalux 06:03, 17 September 2007 (UTC)

Well keen d'Autoritéit huet, et virzeschreiwen (fir mech perséinlech ass 'et' sächlech), proposéieren ech, am Artikel uewe kuerz dëse Geschlechterkuddelmuddel unzeginn ("En oder eng Ventil ass...", dann awer ze probéieren, am Artikel eenheetlech ze bleiwen (watfireen och ëmmer) a grammatkalesche Crossdressing z'évitéieren. --Zinneke 09:03, 17 September 2007 (UTC)

Ech kennen dat Déngen nëmmen als Neutrum, wéi et och am Däitschen ass. --Cornischong 10:15, 17 September 2007 (UTC)

Fir méi gewuer ze ginn kuckt do : Ventil oder do Soupape :-) 81.244.174.129 10:34, 17 September 2007 (UTC)

Weihrauch änneren

Wou ech schonns bei der Liturgie sinn an nach epuer Fotoen an der Reserv hunn: wéi heescht Weihrauch a Kelch riteg op ltz?--Marcus 21:21, 27 Februar 2006 (UTC)

ee Kielech, vill Kielecher / Wäirauch --Cornischong 19:12, 28 Februar 2006 (UTC)

Ech si lo kee lëtzebuergeschen Expert, mee ech soen och Wäirauch, mee awer e Kelch (ass da nozekucken) Myriam 22:35, 2 Mäerz 2006 (UTC)

  • Et ass villäicht keen korrekt letzebuergesch, mee eis Paschtouer, den Här Hamus, huet emmer "Wäirauch a Kellech" dozou gesot <-- nëmmen sou als Iddi --JimHawk 16:13, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Weiser (am Sënn vu: "Savant") änneren

Dem DLW no ass "Weisheit" Wäisheet op lëtz. Mee de "Weisen" feelt. Kënne mer da vun engem Wäisen ausgoen, oder gëtt et do nach en anert Wuert? Myriam 22:22, 28 Mäerz 2006 (UTC)

Ech fannen an der "Aktualitéit" den Ausdrock vun engem IP: "e Mann matt groussem Wëssen". --Cornischong 07:02, 30 Mäerz 2006 (UTC)

hm also sin och der Meenung dat et esoz ass dat wann sech en Wuert bis zu Letzebuerg agebiergert huet da ass et schweier et erem eweg ze kreien.Mee fir dbie der Fro ze bleiven,warscheinlech heescht menger bescheidener Meenung no op letzebuergeschdat vlaicht. --62.178.6.11 18:48, 3 Abrëll 2006 (UTC)

Web(er)schiffchen änneren

Gëtt et do e lëtzebuergescht Wuert? Myriam 16:31, 12 Juli 2006 (UTC)

Meng Mamm, déi selwer gewieft huet, huet et "Schëffchen" genannt. Brauchs de dat Wuert just esou, oder wëlls d'en Artikel iwwer de "Wiefstull" maachen. Wann dat de Fall ass, da ginn ech der nach eng Dose vu ganz "geckegen" Ausdréck vun den Deeler vun engem Wierkstull oder Wiefstull. --Cornischong 16:46, 12 Juli 2006 (UTC)

Merci. Nee, un de Wiefstull trauen ech mech net erunn, do kennen ech net genuch dovunn (wier dat da näischt fir dech?). Ech hunn en am Artikel vum Arachne gebraucht. Myriam 16:51, 12 Juli 2006 (UTC)

Zauneidechse änneren

Huet vläicht een déi lëtzebuergesch Nimm fir Schlingnatter (Coronella austriaca), Mauereidechse (Podarcis muralis) an d'Zauneidechse (Lacerta agilis). A menge Biche fannen ech näischt. --Tomateus 09:18, 12 Mäerz 2006 (UTC)

D'Lacerta agilis (Zaun-Eidechse) ass eng "Bëschfeieromes".
Bei der Mauereidechse gëtt de Klees a sengem Luxemburger Tiernamen als w¨ssenschaftlechen Numm "Lacerta muralis " un (!?) dat ass d' "Feieromes".
D'"Schlingnatter" hunn ech net am Klees fonnt. Huel emol fir déi den däitschen Numm (a léiwer de wëssenschaftleche mat derbäi). --Cornischong 09:38, 12 Mäerz 2006 (UTC)
Eng "Natter" ass op alle Fall eng "Adder". --Cornischong 09:46, 12 Mäerz 2006 (UTC)

Zupfinstrument (Musek) änneren

Op Franséisch gëtt et jo just "Instruments à cordes", egal op een dës duerch Sträiche, Pëtzen oder Drop-Klappen und d'Schwénge bréngt. Deemno, wat fir e Kontext do ass, kinnt "Säiteninstrument" als Synonym duerchgoen. --Zinneke 16:42, 23 Mäerz 2006 (UTC)

Do hat ech schonn dru geduecht. Et war mer just komesch virkomm, well do den Cembalo an d'Dullemajik derbäi sinn. Nëmmen, den Cembalo gëtt jo och "gepëtzt". (Dee ganzen Zirkus hat ech wéinst der Ukelele ugefaangen.) Merci. --Cornischong 17:22, 23 Mäerz 2006