D'Arachne war eng Figur vun der griichescher Mythologie.

Si war d'Meedche vun einfache Leit aus Lydien. Hire Papp war Purpurfierwer. D'Ariadne hat e gudde Ruff well si eng exzellent Wiewerin war. Souguer d'Nymphen hu si vun Zäit zu Zäit besicht fir se bei hirer Konscht ze bewonneren. Wéi enges Daags eng vun hinnen dem Arachne als Kompliment gesot huet, hir Wierker wiere sou schéin datt ee géif mengen d'Athene selwer hätt si am Wiewen ënneriicht, ass d'Arachne iwwerhieflech ginn. "Wéi sollt d'Gëttin meng Léiermeeschterin gewiescht sinn, wou dach meng Aarbechte besser si wéi hir!", sot si. "Wann d'Athene sech traut, soll se kommen a sech mat mir moossen". D'Nymphe waren entsat iwwer dem Ariadne seng Ausso an hu séier säin Haus verlooss.

Kuerz drop huet et um Ariadne senger Dier geklappt. Et war eng kleng, al Fra mat groen Hoer a krommem Réck déi an hiren Hänn e Staf als Stäip gehalen huet. Et war keng aner wéi d'Athene selwer déi sech verwandelt hat fir dem Arachne eng Lektioun z'erdeelen. Si huet dem Meedche gesot hatt kéint wiewe wéi soss keen op der ganzer Welt, mä hatt sollt demüteg virun de Gëtter sinn. Mä d'Arachne bleift onbeléierbar. Du gëtt d'Athene sech z'erkennen an hëlt d'Erausfuerderung un.

Allen zwee hunn dunn hire Wiefstull opgesat an ugefaange mat alle méigleche Faarwen a Goldfiedem en Teppech ze wiewen. D'Athene huet d'Herrlechkeet vun de Gëtter duergestallt, mam Zeus an der Mëtt an deenen aneren olympesche Gëtter ronderëm. Op de 4 Ecken huet si Mënschen duergestallt, déi fir hiren Héichmutt vun de Gëtter bestrooft gi waren.

D'Arachne huet och d'Gëtter duergestallt, mä awer a Situatiounen, wou si scho bal mënschlech Schwächte gewisen hunn. Sou z. B. den Zeus bei sengen Aventuren. Wéi d'Athene dat gesinn huet, ass si aus der Haut gefuer: "Gär wëll ech der zougestoen datt's de méi geschéckt am Wiewe bass wéi ech, mä dir feelt et u Respekt an du bass et net wierdeg dech Meeschter ze nennen!" An hirer Roserei huet si dunn dem Arachne säin Teppech zerrappt an hatt dräimol mam Schëffche widder d'Stier geschloen, wouropshin hatt geckeg ginn ass a sengem Liewen en Enn maache wollt.

D'Athene huet awer du Matleed mat him kritt an et an eng Spann verwandelt. Sou konnt d'Arachne weiderliewen an huet och weiderhi gewieft.

Um Spaweck änneren

Commons: Arachne – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.