D'georgesch Sprooch huet en eegene Schrëftsystem (Mchedruli). Fir Nimm vu Plazen oder Persounen aus Georgien a lëtzebuergeschen Texter an eben och an dëser Enzyklopedie duerzestellen, ass vun dohir eng Iwwerdroung vun de Schrëftzeechen an d'laténgescht Alphabet noutwänneg. Dës Iwwerdroung nennt een Transkriptioun. Am Géigesaz zu enger Transliteratioun gëtt mat enger Transkriptioun versicht, georgesch Wierder ausschliisslech mat den Zeechen an Zeechekombinatiounen aus dem Lëtzebuergeschen nees erëmzeginn. Alleng mat Lëtzebuergeschkenntnisser ass et doduerch méiglech, georgesch Wierder onmëttelbar ze liesen. Well am Georgeschen awer och Lauter existéieren, déi sech net mam lëtzebuergeschen Alphabet duerstelle loossen, ass eng Transkriptioun am Géigesaz zu enger Transliteratioun ëmmer nëmmen e Versuch, no un d'Original erunzekommen.

Leider existéiere méi Systemer fir d'Transkriptioun, déi awer meeschtens duerch d'englesch Sprooch kommen. Hir Uwennung an enger lëtzebuergescher Enzyklopedie géif zu immens ongewinnte Schreifweise vu prominente Georgier oder Uertschaftsnimm féieren. Sou schreift een Eduard Schewardnadse am Engleschen zum Beispill Eduard Shevardnadze, d'Stad Rustawi schreift sech do Rustavi. Bal d'selwecht ongewinnte Schreifweise géifen och bei der Benotzung vun enger Transliteratioun entstoen, déi hir Plaz meeschtens nëmmen am Beräich vun der Wëssenschaft huet, net awer an Texter wéi an enger Enzyklopedie.

Aus dësem Grond gouf fir d'Wikipedia eng méi praxisorientéiert Transkriptioun entwéckelt. Hir Benotzung gëtt fir georgesch Nimm op der lb-Wikipedia ugeroden.

Transkriptioun änneren

Georgesche Bustaf Unicode Numm offiziell Transliteratioun ISO-Standard 9984:1996 Lëtzebuergesch Transkriptioun Aussprooch
U+10D0 AN A a A a A a
U+10D1 BAN B b B b B b
U+10D2 GAN G g G g G g
U+10D3 DON D d D d D d
U+10D4 EN E e E e E e wéi bei "Bett"
U+10D5 VIN V v V v W w
U+10D6 ZEN Z z Z z S s wéi bei "Seegel"
U+10D7 TAN T t T’ t’ T t
U+10D8 IN I i I i I i
U+10D9 KAN K’ k’ K k K k K wéi am Franséischen
U+10DA LAS L l L l L l wéi am Russeschen
U+10DB MAN M m M m M m
U+10DC NAR N n N n N n
U+10DD ON O o O o O o
U+10DE PAR P’ p’ P p P p P wéi am Franséischen
U+10DF ZHAR Zh zh Ž ž Sch sch wéi "Genre" oder "Jacques"
U+10E0 RAR R r R r R r gerullten R
U+10E1 SAN S s S s S s (ss)1 wéi bei "ist"
U+10E2 TAR T’ T’ T t T t T wéi am Franséischen
U+10E3 UN U u U u U u
U+10E4 PHAR P p P’ p’ P p P wéi bei "Pech"
U+10E5 KHAR K k K’ k’ K k K wéi bei "Kanu"
U+10E6 GHAN Gh gh Ḡ ḡ Gh gh Hals-R
U+10E7 QAR Q’ q’ Q q Q q tëscht ღ an ხ
U+10E8 SHIN Sh sh Š š Sch sch
U+10E9 CHIN Ch ch Č’ č’ Tsch tsch
U+10EA CAN Ts ts C’ c’ Z z wéi bei "Zon"
U+10EB JIL Dz dz J j Ds ds wéi დზ
U+10EC CIL Ts’ ts’ C c Z z kuerz geschwat
U+10ED CHAR Ch’ ch’ Č č Tsch tsch kuerz geschwat
U+10EE KHAN Kh kh X x Ch ch wéi bei "Achtung"
U+10EF JHAN J j Ĵ ĵ Dsch dsch wéi am Engleschen "John"
U+10F0 HAE H h H h H h

Formatéierung änneren

Beim éischten Optriede vun engem Numm soll d'georgesch Schreifweis ernimmt ginn.

Sou gesäit et aus Doraus ergëtt sech
Eduard Saakaschwili (Georgesch ედუარდ სააკაშვილი; * 1. Januar 1900 zu Tiflis; † 31. Dezember 2000 zu Kutaissi) war ...

'''Eduard Saakaschwili''' ([[Georgesch]] ედუარდ სააკაშვილი; * [[1. Januar]] [[1900]] zu [[Tiflis]]; † [[31. Dezember]] [[2000]] zu [[Kutaissi]]) war ...

No de georgeschen Zeeche steet e Semikolon.