Wikipedia:De Staminee/Archiv2007/Februar

Zauberkënschtler änneren

Huet ee Material iwwer lëtzebuergesch Zauberkënschtler wéi de Jerry Darnelle oder de (Virnumm ass mer entfal) Breckler? --Cornischong 10:29, 16 Februar 2007 (UTC)

Leider nëmmen nach e Numm vun engem Zauberer: Perol (biergerleche Numm: Roland Peusch)--Pecalux 11:12, 16 Februar 2007 (UTC)
War de Perol net e Bauchriedner? --Cornischong 11:21, 16 Februar 2007 (UTC)
Neen! --Pecalux 16:17, 16 Februar 2007 (UTC)
Merci. Da si mer op der Spur. --Cornischong 11:47, 16 Februar 2007 (UTC)

Lëtzebuergesch Wopen an déi däitsch Wikipedia ... änneren

...ass zweeërlee. Déi di sech schwéier domat, d'Wopen dran oder léiwer awer net dranzesetzen. Kuckt: ( http://de.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Urheberrechtsfragen#Vorlage:Wappen-PD-LUX ). --Cornischong 15:08, 25 Februar 2007 (UTC)

Do ass nach een aanere Problem iwwert de Weekend obgedaucht. D'Lizenzen vun allen, oder baal allen Lëtzebuerger Wope as of Commons entfärnt ginn. Dobei sinn déi Lait déi d'Wope gemaat hunn nët informéiert ginn... Ech wees nach nët wéi daat wéidergeet, wollt haut (vilaicht den Owend) nët ob d'Commons kucke goe wëll daat deck närvt. Verstinn su loues vierwaat der héi e puer söen alles direkt ob d'lokal Wikipediaen ze loueden an nët ob Commons.--Caranorn 12:13, 26 Februar 2007 (UTC)
Tjo wa mer als Lëtzebuerger wéi déi grouss International wëlle sinn da musse mer déi Nodeeler mat a Kaf huelen.
Et ass jo och besser mer maachen deene grousse Wikien hir Aarbecht amplaz datt mer ons ëm déi Lëtzebuergesch bekëmmeren
A wéi hunn déi al Leit gesoot: Wanns de gär mat de groussen Hënn pisse gees da musst de d'Been wäit genuch an d'Luucht kréien.

Les Meloures 12:37, 26 Februar 2007 (UTC)

An de Commons sougutt wéi an der däitschsproocheger Wiki ginn et der, déi sabbele sech zënter Jor an Dag e Baart iwwer Lizenzen, "Löschanträge" an deeës méi. Et huet zwar keen en Hauch vun enger Iddi vun enger Anung doriwwer, mee doriwwer tozen, dat kënne se. An elo kommen déi éisträichesch Wopen un d'Rei. Vläicht läscht nach een déi ganz Commons, wie weess? --Cornischong 13:27, 26 Februar 2007 (UTC)
Bah an dësem Rythmus gëtt effektiv ob laang sicht all Wope vu Commons gelëscht. Als eischt'd Lizenzen fort, dann eng Woch méi spéid kënnt een aanere laanscht, gesäit kéng Lizenz do, ma da lësche mër emol schnell... D'Witzbolden ob Commons hu méch nach gefroot weieng Wopen ech dann mat Lizenz versinn häett, da gëet et elo wuel gléich fier déi Belsch, duerno sëcher déi franséich...--Caranorn 14:28, 26 Februar 2007 (UTC)
Salut,
Doutsecher geet dat esou. Schued fir d'Aarbecht déi gemaach gouf well déi Wope si ganz flott. Les Meloures 15:28, 26 Februar 2007 (UTC)
Hun elo mol ugefangen d'Wopen all erofzelueden (bësse méi wéi een drëttel elo ob mengem computer, de Recht den Owend). Dann hu mer eng sécher Kopie.--Caranorn 12:56, 27 Februar 2007 (UTC)