Wikipedia:Artikel vun der Woch

Den Artikel vun der Woch ass en Artikel, deen erasugesicht gouf, fir op der Haaptsäit de Lieser virwëtzeg ze maachen, iwwer dat Thema virunzeliesen, an indirekt ze weisen, zu wat fir ënnerschiddlechen Theemen et hei Artikele gëtt.

Déi 52 Artikelen, déi an enger éischter Phas ausgesicht goufen, sinn op der Säit

iwwer Schablounen, déi en Aféierungstext hunn, nozeliesen. Dës Schabloun erméiglecht, datt all Woch automatesch en aneren Artikel ugewise gëtt.

An enger zweeter Phas kënnen dës duerch aner Artikelen, déi op der Säit Haaptsäit/Artikel vun der Woch/Spënnchen iwwer eng Introduktioun gesammelt kënne ginn, ersat ginn.

Jiddereen ass häerzlech wëllkomm ze hëllefen, dës Artikelen nach besser ze maachen. Dofir muss een net onbedéngt Spezialist op dem Gebitt sinn; en Tippfeeler, dee verbessert gëtt, en Artikel, deen et nach net gëtt, zu engem Link uleeën, de Stil adaptéieren... All dat sinn nëmmen e puer Méiglechkeeten.

Och ka jidderee weider Virschléi maachen an dës an d'Spënnche setzen.