Wiener Sängerknaben

éisträichesche Bouwechouer

D'Wiener Sängerknaben ass en éisträichesche Bouwechouer, deen 1498 gegrënnt gouf.

D'Wiener Sängerknaben
D'Wiener Sängerknaben

E besteet aus ronn 100 Sänger déi a véier Concertschéier opgedeelt sinn. Et sinn dat de Brucknerchouer, den Haydnchouer, de Mozartchouer an de Schubertchouer. Si sange Wierker vum Mozart, Schubert, Haydn, Strauß a Volleksmusek.

Bei Optrëtter droen d'Sänger eng Matrousenuniform.

Um Spaweck

änneren