When the Music's Over
When the Music's Over ass e Film vum lëtzebuergesche Regisseur Andy Bausch aus dem Joer 1981.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 1981 |
Première | 1981 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie | Andy Bausch |
Musek |
Willy Putz Guy Schmit Mario Carpissassi |
Produzent | Nasty Arts Filmproduktion |
Schauspiller | |
Paul Thiltges Rosario Garasso Denise Gregoire Christian Kmiotek Jani Thiltges Manuela Graffé | |
Ëm wat geet et am Film?Änneren
E Spillschouls-Schoulmeeschter gëtt net eens mat sengem Ëmfeld: Seng Virstellunge vu Schoulhale fanne bäi den anere Schoulmeeschteren, senge Virgesetzten an den Eltere kee Versteesdemech. Schliisslech verléiert e seng Aarbecht...
Den Titel bezitt sech op d'Lidd vu The Doors mam selwechten Titel. De Film ass op 8mm gedréit an ass deen éischte Laangfilm vum Andy Bausch.