D'Werchojansker Bierger (russ. Верхоянский хребет - Verchojanskij Chrebet) fënnt een am Nordoste vu Russland (Asien). Hir maximal Héicht läit bei 2.959 m.

D'Werchojansker Bierger, uewe riets, laanscht dem Floss Lena, an "L"-Form

Si leien nërdlech a südlech vum Polarkrees an an der Mëtt vun Ostsibirien, haaptsächlech am Zentrum vu Jakutien. Si grenzen als Deel vum Ostsibiresche Biergland am Norden un d'Laptewmier. Am Oste gi se iwwer den Dall vun der Jana an iwwer d'Héichland vun Oimjakon an d'Tscherskibierger iwwer. Am Südoste fale s'iwwer zwéin Ausleefer (Sunta Chajata a Sette Daban) no an no op Ochotskescht Mier erof, un deem senger südlecher Küst d'Dschugdschurbierger derbäikommen. Am Südwesten a Weste sinn d'Flossdäller vum Aldan a vun der Lena an domat déi Mëtteljakutesch Dällt.

Déi knapps 1.200 km laang Bierger lafen zimmlech genee parallel zu den Tscherskibierger, déi ongeféier 500 bis 600 km méi wäit ëstlech leien; mat der uewe genannter Sunta Chajata sinn déi knapps oder guer net besidelt Bierger souguer iwwer 1.700 km laang. Am Norde si se bis zu 2.389 m héich, an der Mëtt bis zu 2.295 m an am Süden erreeche se souguer bis zu 2.959 m (Mus Chaja).

Déi héich Bierger trennen d'Anzuchsgebidder vun der Lena a vun der Jana. Zimmlech wäit am Norden, ongeféier an der Mëtt tëscht de Werchojansker Bierger an den Tscherskibierger läit déi kleng Stad Werchojansk. An der Mëtt vun de Werchojansker Biergers entspréngt d'Jana, am Süden d'Indigirka.