Als Weltkaart bezeechent een eng Kaart, déi déi ganz Äerduewerfläch duerstellt. D'Kaartegrondlag kann aus Vermiessungszeechnungen, awer och aus Satellitten- oder Loftbiller bestoen. Déi gi meeschtens sou aus Eenzelopnamen zesummegesat, fir datt keng atmosphäresch Stéierunge wéi Wolleken ze gesinn sinn.

Geographesch-politesch Weltkaart: Strukture vun der Äerduewerfläch a vun de Mieresbiedem sinn duergestallt, äusserdeem d'Staate vun der Äerd (Stand 2005)

Eegenschaften

änneren
 
Satellitekaart vun der Welt an Wénkel-Tripel-Projektioun
 
Vertikale Schnëtt um Nullmeridian

Bei Weltkaarten ass d'Fro vun der Projektioun déi wichtegst, well dobäi eng vollstänneg Kugeluewerfläch op eng flaach Fläch projezéiert muss ginn. D'Verzerrungen op de Kaarteränner wierke sech doduerch méi staark aus wéi bei klengraimege Kaarten. Dowéinst gëtt et vill ënnerschiddlech Kaartennetzmodeller fir Weltkaarten, déi jee no Gebrauch agesat ginn. Fir allgemeng Veranschaulichungszwecker gëtt meeschtens e Projektionskompromëss benotzt, dee weeder Flächen nach Wénkelen ze staark verzerrt (z. B. d' Robinson- an d' Wénkel-Tripel-Projektioun).