Weeschësser
E Weeschësser oder Geeschtekär a Wirel, mam wëssenschaftlechen Numm "Hordeolum", vum Latäin hordeum = Geescht, ass eng akut, eetreg Entzündung vun enger oder vun e puer Drüse vun den Aendeckelen.
De baussenzege Weeschësser
ännerenBeim baussenzege Weeschësser, dem Hordeolum externum, leeft den Eeter no baussen. An deem Fall sinn d'Moll-Schweessdrüsen (glandulae ciliares conjunctivales) oder d'Zeis-Drüsen, Ënzelt-Drüsen, duerch Staphylokocken oder (wat méi seelen ass) duerch Streptokocken entzünt.