Warndräieck
E Warndräieck ass eng mobil an zäitlech begrenzte Vertikal Signalisatioun, déi dozou déngt, op Geforen, Schantercher oder aner méiglech Geforepunkten opmierksam ze maachen, soulaang déi net behuewe sinn.
De Warndräieck am Auto
ännerenA ville Länner, wéi an Däitschland, der Belsch an och zu Lëtzebuerg ass et obligatoresch, e Warndräieck bei sech am Auto ze hunn, fir e kënnen opzestellen am Fall, wou ee mat sengem Gefier eng Pann ënnerwee hätt.
De spuenesche Code de la Route gesäit fir, datt 2 Warndräiecker am Auto musse sinn, publizéiert am Real Decreto 2822/98 vum 23. Dezember 1998.
Zu Lëtzebuerg ass d'Matféiere vun engem Warndräieck a Persouneween vum 1. Juni 2008 u Flicht.
Den Text, sou wéi en am Mémorial A - N° 33 vum 27. Mäerz 2008 publizéiert gouf:
A partir du 1er juin 2008, un triangle de présignalisation répondant aux exigences du Règlement (ECE) N° 27 concernant les prescriptions uniformes relatives à l'homologation des triangles de présignalisation doit se trouver à bord de tout véhicule routier automoteur ayant au moins quatre roues.
Wann een de Warndräieck vun deem Datum un net am Auto huet, muss ee mat engem Avertissement taxé vu 74 Euro rechnen.
Um Spaweck
ännerenCommons: Warndräieck – Biller, Videoen oder Audiodateien |