Eng Wanderkaart ass eng Landkaart, op där Wanderweeër agedroe sinn. Si sinn dem Wanderer eng Hëllef fir eng Wanderung ze preparéieren oder fir sech um Terrain erëmzefannen.

Op enger gudder Wanderkaart fënnt een an der Reegel zousätzlech Informatiounen:

  • d'Symboler, mat deenen d'Wanderweër um Terrain a reegelméissegen Ofstänn op Schëltercher oder op Beem markéiert sinn;
  • d'Längt an de Profil vun der Streck;
  • de Schwieregkeetsgrad;
  • Symboler fir bestëmmt Zerwisser wéi Kuckeswäertes, ëffentlechen Transport oder Gastronomie.

Wanderkaarte fënnt een op verschidde Supporten:

  1. déi klassesch Wanderkaarten op Pabeier (cf. Bild 1);
  2. Wanderkaarten op Panneauen, déi meeschtens um Depart vun engem Wanderwee stinn (cf. Bild 2);
  3. digital Wanderkaarten, déi a Form vu sougenannten Tracks fir e GPS-Apparat um Internet ze kréie sinn (cf. Bild 3).

Illustratiounen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: – Biller, Videoen oder Audiodateien