De Walter Ernst Paul Ulbricht, gebuer den 30. Juni 1893 zu Leipzig a gestuerwen den 1. August 1973 zu Groß Dölln, war vun 1949 bis zu senger Entmuechtung 1971 dee bedeitendste Politiker vun der Däitscher Demokratescher Republik. Ënner senger Féierung huet si sech zu engem sozialistesche Staat entwéckelt.

Walter Ulbricht
Gebuertsnumm Walter Ernst Paul Ulbricht
Gebuer 30. Juni 1893
Leipzig
Gestuerwen 1. August 1973
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Däitsch Demokratesch Republik
Aktivitéit Politiker, Resistenzler
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland, Sozialistische Einheitspartei Deutschlands

Hie war schonn zanter senger Jugend an der sozialistescher Aarbechterbeweegung an Däitschland aktiv, a gouf zum "Beruffsrevolutionär". An de leschte Jore vun der Weimarer Republik war hie President vun der Kommunistescher Partei vun Däitschland (KPD) zu Berlin. Am Kampf vun der stalinistesch orientéierter Partei géint d'Sozialdemokratie an déi republikanesch Uerdnung huet den Ulbricht zu deene ronderëm den Ernst Thälmann gehalen.

Um Enn vum Zweete Weltkrich ass hien 1945 aus dem Exil an der Sowjetunioun, wuer en 1938, no Paräis a Prag, geflücht war, als Chef vun der „Gruppe Ulbricht“ op Berlin zeréckkomm, a gouf séier ee vun de wichtegste Fonctionnaire vun der KPD a spéider der Sozialistescher Eenheetspartei vun Däitschland (SED) an der sowjetescher Besatzungszon an enker Zesummenaarbecht mat der Besatzungsmuecht, an huet sou ausschlaggebend um Opbau vum Staatsapparat vun der spéiderer DDR matgeschafft.

Vun 1950 bis 1971 stoung hien un der Spëtzt vum Zentralkommitee vun der SED an hat déi héchst politesch Entscheedungsgewalt. An dëser Fonctioun a mat Accord vun der Sowjetunioun huet den Ulbricht 1952 den Opbau vum Sozialismus an der DDR ordonéiert an 1961 de Bau vun der Berliner Mauer.

Vun 1949 bis 1960 war hien delegéierte Ministerpresident a vun 1960 bis 1973 President vum Staatsrot (Vorsitzender des Staatsrats der DDR).

Den 3. Mee 1971 huet den Ulbricht „aus gesondheetleche Grënn“ säi Récktrëtt vu bal all senge Fonctiounen ugekënnegt. Op Drock vu Moskau an absënns dem neie Generalsekretär vun der KPvdSU, dem Leonid Brejnew, gouf den Erich Honecker als säin Nofollger duerchgesat. Just d'Amt vum President vum Staatsrot, dat wéineg Afloss hat, konnt den Ulbricht bis zu sengem Doud halen. Ausserdeem krut hien déi nei geschaf Éierefonctioun vum „President vun der SED“.

Literatur änneren

  • Mario Frank: Walter Ulbricht. Eine deutsche Biografie. Siedler-Verlag, Berlin 2001, ISBN 3-88680-720-7.
  • Erich W. Gniffke: Jahre mit Ulbricht. Ministerium für Gesamtdeutsche Fragen, Bonn 1966, ISBN 3-8046-8753-9.
  • Herbert Graf: Mein Leben. Mein Chef Ulbricht. Meine Sicht der Dinge. edition ost, Berlin 2008, ISBN 978-3-360-01097-1.
  • Norbert Podewin: Walter Ulbricht. Eine neue Biographie. Dietz, Berlin 1995, ISBN 3-320-01886-8.

Um Spaweck änneren

Commons: Walter Ulbricht – Biller, Videoen oder Audiodateien