De Walter Kempowksi, gebuer den 29. Abrëll 1929 zu Rostock a gestuerwen de 5. Oktober 2007 zu Rotenburg (Wümme), war en däitsche Schrëftsteller dee virun allem bekannt ass fir seng detailléiert, zum Deel autobiographesch, Beschreiwunge vum Alldeeglechen an Däitschland tëscht 1890 an 1956.

Walter Kempowski
Gebuer 29. Abrëll 1929
Rostock
Gestuerwen 5. Oktober 2007
Rotenburg (Wümme)
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Chronist, Historiker

Säi Liewen änneren

De Kempowski war de Jong vun engem Reeder aus Rostock an enger Hamburger Mamm. Hien ass zu Rostock an d'Schoul gaangen. 1943 huet hien d'Bombardement op Hamburg iwwerlieft, wéi en do op Besuch war. 1945 ass e mat 15 Joer an d'Wehrmacht agezu ginn.

Nom Zweete Weltkrich huet de Kempowski zu Hamburg an zu Wiesbaden gelieft. Hien huet den Amerikaner Informatioune ginn iwwer Maschinnen déi vun der Sowjetunioun aus Ostdäitschland no Osten transportéiert goufen. Wéi en 1948 seng Famill besicht huet gouf en duerch de Geheimdéngscht NKVD festgeholl an zu 25 Joer Prisong zu Bautzen verurteelt. 1956 koum e fräi an ass op Hamburg wunne gaangen. Hie gouf duerno Schoulmeeschter an engem Duerf bei Hamburg.

Mat sengem autobiographesche Roman Tadellöser und Wolf, deen 1971 erauskoum, gouf e bekannt. Hien huet dora seng Jugend am Nazi-Däitschland beschriwwen. Et war dëst deen éischten Deel vun enger Serie vun néng Bicher, déi als Deutsche Chronik bekannt sinn.

Wierker änneren

  • Im Block. Ein Haftbericht. Reinbek 1969.
  • Tadellöser & Wolff. Ein bürgerlicher Roman. München 1971.
  • Uns gehts ja noch gold. Roman einer Familie. München 1972.
  • Haben Sie Hitler gesehen? Deutsche Antworten. München 1973.
  • Der Hahn im Nacken. Mini-Geschichten. Reinbek 1973.
  • Immer so durchgemogelt. Erinnerungen an unsere Schulzeit. München 1974.
  • Ein Kapitel für sich. München 1975.
  • Alle unter einem Hut. Über 170 witzige und amüsante Alltagsminiminigeschichten. Bayreuth 1976.
  • Wer will unter die Soldaten? München 1976.
  • Aus großer Zeit. Hamburg 1978.
  • Haben Sie davon gewußt? Deutsche Antworten. Hamburg 1979.
  • Unser Böckelmann. Hamburg 1979
  • Kempowskis einfache Fibel. Braunschweig 1980.
  • Schöne Aussicht. Hamburg 1981.
  • Beethovens Fünfte. Moin Vaddr läbt. Lauschterspiller. Hamburg 1982.
  • Herrn Böckelmanns schönste Tafelgeschichten nach dem ABC geordnet. Hamburg 1983.
  • Herzlich willkommen. München 1984.
  • Haumiblau. 208 Pfenniggeschichten für Kinder. München 1986.
  • Hundstage. München 1988.
  • Sirius. Eine Art Tagebuch. München 1990
  • Mark und Bein. Eine Episode. München 199l.
  • Das Echolot. Ein kollektives Tagebuch Januar und Februar 1943. 4 Bänn. München 1993.
  • Der arme König von Opplawur. Ein Märchen. München 1994.
  • Der Krieg geht zu Ende. Chronik für Stimmen - Januar bis Mai 1945. Lauschterspill. Stuttgart 1995.
  • Weltschmerz. Kinderszenen fast zu ernst. München 1995.
  • Bloomsday '97. München 1997.
  • Heile Welt. München 1998.
  • Die deutsche Chronik. 9 vols. München 1999.
  • Das Echolot. Fuga furiosa. Ein kollektives Tagebuch Winter 1945. 4 Bänn. München 1999.
  • Walter Kempowski liest »Tadellöser & Wolff«. Lauschterbuch. Georgsmarienhütte 2001.
  • Alkor. Tagebuch 1989. München 2001.
  • Der rote Hahn. Dresden 1945. München 2001.
  • Das Echolot. Barbarossa '41. Ein kollektives Tagebuch. München 2002.
  • Walter Kempowski liest »Aus großer Zeit«. Lauschterbuch. Georgsmarienhütte 2003.
  • Letzte Grüße. München 2003.
  • Das 1. Album. 1981-1986. Frankfurt a.M. 2004.
  • Walter Kempowski liest »Schöne Aussicht«. Lauschterbuch. Georgsmarienhütte 2004.
  • Das Echolot. Abgesang 45. Ein kollektives Tagebuch. München 2005
  • Culpa. Notizen zum Echolot. München 2005.
  • Hamit. Tagebuch 1990. München 2006.
  • Alles umsonst. München 2006.
  • Walter Kempowski/Uwe Johnson: Der Briefwechsel. Berlin 2006.

Um Spaweck änneren

Commons: Walter Kempowski – Biller, Videoen oder Audiodateien