Walter Gropius
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Walter Adolf Georg Gropius, gebuer den 18. Mee 1883 zu Berlin, a gestuerwen de 5. Juli 1969 zu Boston (Massachusetts) war en däitsch-amerikaneschen Architekt a Grënner vum Bauhaus. Zesumme mam Ludwig Mies van der Rohe a mam Le Corbusier zielt hien zu de Matgrënner vun der moderner Architektur.
Walter Gropius | |
---|---|
Gebuertsnumm | Walter Adolf Georg Gropius |
Gebuer |
18. Mee 1883 Berlin |
Gestuerwen |
5. Juli 1969 Boston |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, Däitschland |
Aktivitéit | Architekt, Pedagog, Urbanist, Designer, Enseignant |
Member vun | Deutscher Werkbund, Congrès international d'architecture moderne, Royal Academy, American Academy of Arts and Sciences, Academia Nacional de Bellas Artes de Argentina, American Academy of Arts and Letters |
Famill | |
Bestuet mat | Alma Mahler-Werfel |
Famill
ännerenDem Walter Gropius säi Papp Walter war Baurat an der Berliner Bauverwaltung an säi Moni Martin Gropius war e bekannten däitschen Architekt. De Walter Gropius ass 1915 mat der Alma Mahler bestuet ginn. 1920 si se gescheet ginn. 1934 ass hien op London geplënnert a vun 1938 un bis zu sengem Doud den 5. Juli 1969 huet de Walter Gropius haaptsächlech an den USA zu Lincoln am Massachusetts gelieft.[1]
Studium
ännerenDe Walter Gropius studéiert ëm 1903 op der Technescher Héichschoul zu München an duerno op der Technescher Héichschoul zu Berlin-Charlottenburg.
Beruff
änneren- 1908 schafft de Walter Gropius fir de Büro vum Berliner Architekt an Designer Peter Behrens, zesumme mam Le Corbusier a mam Ludwig Mies.
- 1910 mécht hien en eegenen Industriedesign- an Architekte-Büro mam Adolf Meyer als Mataarbechter, op.
- 1918 Direkter vun der Kunstgewerbeschule zu Weimar.
- 1919 Grënnung vun der Weimarer Konschtschoul Bauhaus, vun där e bis 1928 Direkter ass. Bauhaus ass fir hien déi perfekt Verbindung tëscht Konscht an Handwierk. E Beispill dofir ass d'Bauhaus zu Dessau.
- 1928 Architekt zu Berlin.
- 1934 Emigratioun op London wéinst der Muechtergräifung vun den Nationalsozialisten.
- 1937 – 1952 De Walter Gropius ass Professer op der Harvard Universitéit zu Cambridge am Massachusetts[2].
Um Spaweck
ännerenCommons: Walter Gropius – Biller, Videoen oder Audiodateien |