Haaptmenü opmaachen
Waco
Flag of Waco, Texas.jpg
Fändel vu Waco
Land Flag of the United States.svg USA
Verwaltungseenheet: Flag of Texas.svg Texas
Koordinaten 31° 33’ 05’’ N
97° 09’ 21’’ O
Fläch 247,4 km²
Awunnerzuel: 134.432 (2016)
Héicht: 143 m
Websäit waco-texas.com

Waco ass eng Stad am Zentrum vum Texas, am Süde vun den USA. Si läit um Brazos River, an der Mëtt tëscht Dallas an Austin. 2010 hat si iwwer 124.000 Awunner a stoung domat op Plaz 22 vun de bevëlkerungsräichsten texanesche Stied. An der Metropolregioun vu Waco hunn 2010 ëm déi 235.000 Leit gewunnt.

GeschichtÄnneren

19. JoerhonnertÄnneren

 
Waco 1886

Virun den Europäer hunn op der Plaz vum haitege Waco Indianerstämm gelieft, vun deenen een de "Waco"-Stamm war. 1824 huet den Thomas M. Duke d'Géigend exploréiert. D'Indianer hu sech géint déi Introsioun gewiert an et ass zu Gewalt komm. Schlussendlech si si awer aus der Géigend verdriwwe ginn a si hu sech nërdlech vum haitege Fort Worth néiergelooss. 1872 si si forcéiert ginn, mat anere Wichita-Stämm an e Reservat an Oklahoma ze goen. 1902 kruten d'Waco-Indianer Landparzellen a sinn offiziell US-amerikanesch Bierger ginn.

Den George B. Erath huet 1849 den éischten Haiserblock vun der haiteger Stad entworf. E puer Leit wollten d'Géigend "Lamartine" nennen, mee den Erath huet si iwwerzeegt, se "Waco Village" ze nennen, benannt no den Indianer, déi do gelieft haten. Am Mäerz 1849 huet de Shapley Ross dat éischt Haus gebaut.

1866 wollten d'Awunner déi éischt Bréck iwwer de Brazos River bauen; déi Hängebréck ass 1870 fäerdeg gestallt ginn.

Am spéiden 19. Joerhonnert huet sech e Routliichtdistrikt mam Numm "Reservation" zu Waco entwéckelt, an d'Prostitutioun gouf vun der Stad reguléiert, éier deen Distrikt am fréien 20. Joerhonnert erëm ënnerdréckt ginn ass.

1885 ass zu Waco d'Limonad Dr Pepper erfonnt ginn.

1845 ass d'Baylor University zu Independence gegerënnt ginn, wat se zur eelster Héichschoul am Texas mécht. Si ass 1886 op Waco geplënnert a mat der Waco University fusionnéiert. 1894 ass dunn och eng Ausstellungshal gebaut ginn, wéi d'Kottengsproduktioun dominant ginn ass. Si ass zwar 1910 ofgebrannt mee nees nei obgebaut ginn. D'Joresexpo huet iwwer déi nächst 23 Joer méi wéi aacht Millioune Visiteuren ugezunn. 1931 ass se der Great Depression zum Affer gefall an d'Hal ass ofgerappt ginn.

20. JoerhonnertÄnneren

 
D'Washington Avenue Bridge ass 1902 gebaut ginn
 
Touristenappartementer (1939)

Am fréien 20. Joerhonnert goufen Afroamerikaner wéi op deene meeschte Plazen am amerikanesche Süden diskriminéiert. 1916 ass de schwaarze Jugendlechen Jessy Washington gelyncht ginn. Hien ass vun engem Lynchmobb aus dem Geriichtsgebai gezu ginn, an deem hie fir de Mord un enger wäisser Fra veruerteelt gi war, an an aller Ëffentlechkeet gefoltert a verbrannt ginn. Iwwer 15.000 Leit hunn där Attack nogekuckt, déi als "Waco Horror" an den nationalen an internationalen Zeitunge schaarf veruerteelt ginn ass. Si ass eng "cause célèbre" fir déi nei National Association for the Advancement of Colored People (NAACP) an hir Anti-Lynch-Campagne ginn.

Obwuel de Ku Klux Klan an den 1920er am Texas beléift war an et vill Lynchmorden am Bundesstaat gouf, hunn d'Autoritéite probéiert, op der NAACP hir Campagne ze reagéieren an Afroamerikaner besser virun der Lynchjustiz ze schützen. Esou huet de Sheriff vu Waco 1923 de Roy Mitchell virun engem Lynchmobb protegéiert.

1942 ass zu Waco e Fluchfeld a spéider Arméibasis vun der United States Air Force opgaangen. 1966 huet si nees hir Diren zougemaach, mee gëtt haut als Héichschoul an als zivile Fluchhafe benotzt.

Den 11. Mee 1953 si bei engem Tornado 114 Leit am Zentrum vu Waco ëm d'Liewe komm.

1964 ass e Musée iwwer d'Texas Rangers opgaangen, deen haut Texas Ranger Hall of Fame and Museum heescht.

Den 28. Februar 1993 gouf et eng Schéisserei tëscht sechs Branch Davidians, Membere vun enger chrëschtlecher Sekt, bei där véier Agente vum Amt fir Alkohol, Tabak, Schosswaffen a Sprengstoff gestuerwe sinn. Eng Belagerung vum Haaptquartéier vun der Sekt duerch Regierungsagenten ass no 50 Deeg zu Enn gaangen, an engem Feier an dem 74 Persounen ëm d'Liewe komm sinn, dorënner de Sekteleader David Koresh. Déi Episod gëtt haut d'Belagerung vu Waco genannt.

21. JoerhonnertÄnneren

2015 hu sech zwou rivaliséiernd Bikergruppen zerstridden. D'Police huet mussen intervenéieren an et ass zu enger Schéisserei komm, an där néng Persoune gestuerwe sinn an iwwer 170 Persoune verhaft goufen.

BillerÄnneren

PerséinlechkeetenÄnneren

Commons: Waco – Biller, Videoen oder Audiodateien