WEmobility

lëtzebuergesch Bus- a Reesgesellschaft

WEmobility Sàrl ass eng lëtzebuergesch Bus- a Reesgesellschaft mat Sëtz zu Dikrech[1]. Se assuréiert ë. a. Buslinnen am Kader vum RGTR an de stättesche Bussen.

WEmobility
De Sëtz vu WEmobility an der ZANO Fridhaff zu Dikrech
Typ Sàrl
Grënnungsdatum 03.07.2015
Sëtz Dikrech
Branche Persounentransport
Tourismus
Homepage wemobility.lu
En RGTR-Bus vu WEmobility bei der Ettelbrécker Gare

Geschicht änneren

Den 3. Juli 2015 hunn d'Entreprisen Autocars Zenners a Voyages Emile Weber eng Firma mam Numm Voyages Zenners (sàrl) a mat engem Gesellschaftskapital vun 200.000 € gegrënnt. Déi zwou Firmaen haten allebéid 1.000 Parten vun 100 € an de Sëtz vun der Gesellschaft war zu Rëmerschen[2].

De 16. Dezember 2019 huet Autocars Zenners seng Parten u Voyages Emile Weber iwwerginn, woumat déi eenzegen Associé gouf[3].

Op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung de 26. Abrëll 2022 goufen e puer Ännerungen decidéiert: d'Firma krut den neien Numm WEmobility, de Siège gouf vu Rëmerschen op Dikrech verluecht an den Zweck vun der Gesellschaft gouf erweidert a méi detailléiert beschriwwen[4].

Am Kader vun enger besserer a méi effizienter Organisatioun vu sengen Aktivitéiten am Norde vum Land, huet Voyages Emile Weber de 17. Juli 2022 en Deel vu sengen Aktivitéiten u WEmobility ofgestouss[5][6]. De selwechte Moment huet WEmobility och Voyages Wagener vu Mäerzeg, Voyages Simon vun Angelduerf a Bollig Voyages vun Iechternach iwwerholl[7].

Um Spaweck änneren

Commons: WEmobility – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. B198464 - Voyages Zenners, Immatriculation. lbr.lu (03.07.2015). Gekuckt de(n) 17.08.2022.
  2. B198464 - Voyages Zenners, Constitution de société. lbr.lu (07.07.2015). Gekuckt de(n) 17.08.2022.
  3. B198464 - Voyages Zenners, Modification non statutaire. lbr.lu (16.12.2019). Gekuckt de(n) 17.08.2022.
  4. B198464 - Voyages Zenners, Modification non statutaire. lbr.lu (26.04.2022). Gekuckt de(n) 17.08.2022.
  5. B198464 - WEmobility; B16639 - Voyages Emile WEBER S.à r.l., Projet d'apport d'une branche d'activité. lbr.lu. Gekuckt de(n) 17.08.2022.
  6. B198464 - WEmobility, Modification statutaire. lbr.lu (28.07.2022). Gekuckt de(n) 17.08.2022.
  7. B198464 - WEmobility, Modification non statutaire. lbr.lu (12.08.2022). Gekuckt de(n) 17.08.2022.