D'WAC oder WAC Corporal war déi Héichtefuerschungsrakéit déi d'USA entwéckelt huet. Den Urspronk vum Numm WAC ass net kloer. E kéint fir „Without Attitude Control" stoen, well d'Rakéit keng Lagreegelung hat. Donieft gëtt et Quellen, no deene WAC fir „Women's Army Corps", dem weiblechen Hëllefskorp vun der US-Arméi stoe soll.

WAC Corporal

D'WAC war eng Flëssegkeetsrakéit, déi Salpéitersaier als Oxidat an eng Méschung aus Anilin a Furylalkohol als Dreifstoff gebraucht huet. Fir de Start vun der d'WAC gouf d'Feststoffrakéit Tiny Tim benotzt. Déi ongesteiert WAC gouf de 27. September 1945 fir d'éischt an den 12. Juni 1947 fir d'lescht gestart. Allerdéngs gouf si vun 1949 un als Uewerstuf vun der Bumper benotzt. D'WAC hat eng Startmass vu 658 kg, en Duerchmiesser vun 0,31 m an eng Längt vu 7,34 m. Si konnt 75 km héich fléien.

Um Spaweck änneren