Wënzergenossenschaftskellerei Wuermer

D'Wënzergenossenschaftskellerei Wuermer (fr.: Caves coopératives des vignerons de Wormeldange) ass eng Genossenschaftskellerei vu Wënzer vu Wuermer déi 1930 gegrënnt gouf. D'Genossenschaft gouf de 7. Mee 2012 opgeléist.[1]

D'Gebai vun der Genossenschaftskellerei.

1931 gouf d'Kellerei am Art Deco-Stil, no Pläng vum Gréiwemaacher Architekt Jacques Haal, gebaut.[2] Si steet zanter dem 13. Mäerz 2013 um Zousazinventaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.

1966 war si eng vun de Matgrënnerinne vun der Vinsmoselle.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Publikatioun am Mémorial
  2. "Caves Coopératives des Vignerons, Wormeldange" op industrie.lu.