Virginia Capers

US-amerikanesch Theater- a Filmschauspillerin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Eliza Virginia Capers[1], gebuer den 22. September 1925 zu Sumter am Bundesstaat South Carolina a gestuerwen de 6. Mee 2004 zu Los Angeles am Bundesstaat Kalifornien, war eng US-amerikanesch Theater- a Filmschauspillerin[2].

Virginia Capers
Gebuer 22. September 1925
Gestuerwen 6. Mee 2004
Los Angeles
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun Juilliard School
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller

Si huet hir Carrière als Broadway-Theaterschauspillerin am Joer 1957[3] an als Filmschauspillerin 1961[2] ugefaangen.

D'Schauspillerin gouf mat Rollen a Filmer Lady Sings the Blues (1972, als Mama Holliday) a Ferris Bueller's Day Off (1986, als Nurse Sparrow), an och mat Rollen an de Broadway-Theatere bekannt[4].

1974 huet si den Tony Award als bescht Schauspillerin mat der Roll als Lena Younger am Musical Raisin gewonnen[4]. Fir hir Roll am Film Big Jake gouf si 1971 och fir en Image Award nominéiert (Outstanding Actress in a Motion Picture)[5].

Filmographie (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Virginia Capers – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.nytimes.com/2004/05/12/us/virginia-capers-78-actress-who-won-a-tony-for-raisin.html?_r=0
  2. 2,0 2,1 Fiche op IMDb (en)
  3. https://www.ibdb.com/broadway-cast-staff/virginia-capers-96160/#broadway
  4. 4,0 4,1 Bob McCann. Encyclopedia of African American Actresses in Film and Television. - McFarland, 2009 - P. 66-67 - ISBN 978-0-7864-3790-0
  5. https://www.imdb.com/name/nm0135102/awards?ref_=nm_awd