Eng Vinaigrette (vum fr. vinaigre - Esseg) ass eng kal Zooss aus Esseg, Ueleg a Salz, déi haaptsächlech bei Zalote gemaach gëtt, mä och bei gekachtem Geméis oder gedämptem Fësch zerwéiert ka ginn.

Vinaigrette an der Maach
Russesch Vinaigrette

Et léist een als éischt e bësse Salz am Esseg, duerno gëtt een déi duebel Quantitéit Ueleg derbäi a schléit alles zu enger Emulsioun. Dacks kënnt dann nach e bësse Moschter dozou fir d'Emulsioun ze stabiliséieren. Jee no Rezept kommen och nach Peffer, Péiterséileg oder aner Kraider dran.

Den Esseg konservéiert Liewensmëttel net nëmme mä wierzt se och gutt. Am puren Zoustand ass et just fir déi meescht Leit ze vill däers Gudden, soudatt dann Ueleg geholl gëtt fir d'Saier vum Esseg ze verdënnen.

An der russescher Kichen versteet een ënner Vinaigrette (винегрет) dogéint eppes ganz Aneschtes, keng Zooss, mä eng Zalot aus gekachtem Geméis (Gromperen, Muerten, Rout Ribben), Sauer Kornischongen a Sauermous, mat Ueleg a Salz. Se gehéiert do zu den traditionelle Festplaten.