Vigdís Finnbogadóttir

D'Vigdís Finnbogadóttir ['vɪɣtiˑs 'fɪnpɔɣaˌtouhtɪr], gebuer de 15. Abrëll 1930 zu Reykjavík, war vun 1980 bis 1996 Presidentin vun Island, an éischt Fra weltwäit, déi an d'Amt vun enger Staatscheffin gewielt gouf.

Vigdís Finnbogadóttir
Gebuer 15. Abrëll 1930
Reykjavík
Nationalitéit Island
Educatioun Faculté des lettres de Paris,
Universitéit vu Kopenhagen,
Universitéit Island
Aktivitéit Politiker

Si huet als Franséischenseignante (ë. a. op der Tëlee) an als Reesguide geschafft, a sech an der islännescher Theaterszeen engagéiert. Vun 1976 bis 1980 war se Member vum Kulturconseil vun den nordesche Länner.

1980 huet si d'Wale fir déi islännesch Staatspresidentschaft géint dräi aner Kandidate mat 33,8 % vun de Stëmme gewonnen. 1984 an 1992 gouf si (ouni Géigekandidaten) erëmgewielt. 1988 huet si géint ee Géigekandidat mat 94 % vun de Stëmme gewonnen. 1996 huet si net méi kandidéiert.

1996 war si Matgrënnerin vum Council of Women World Leaders a gouf Member an internationalen Organisatiounen, déi sech ë. a. fir Edukatioun a Fraerechter asetzen.

Literatur änneren

  • Catrionia Burness: Fighting our Fight: In: Iceland Review 48.02 (2010). S. 20-24.