D'Victoria Mayer, gebuer de 6. Mee 1976 zu Münster, ass eng däitsch Schauspillerin.

Victoria Mayer
Gebuer 6. Mee 1976
Münster
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller

Si koum am Alter vun 13 Joer op Marburg wou si hiren Abitur op der Elisabethschoul gemaach huet an duerno och do um Theater als Regieassistentin geschafft huet. Si ass 1997 op München geplënnert an huet do bis 2001 op der Bayerischer Theaterakademie studéiert.

Si gouf duerch vill Niewerollen a Fernsee- a Kinosproduktioune bekannt. Si huet ënner anerem am Film Die Wolke matgespillt. An der ZDF-Serie Kommissar Stolberg huet si vun 2006 bis 2008 d'Kriminaloberkommissarin Sofia Lechner gespillt.

Um Spaweck änneren