De Viaduc vun Dolhain ass eng Eisebunnsbréck op der Eisebunnsstreck Léck-Welkenraedt-Oochen (Linn 37) an der belscher Provënz Léck. De Pk Mëtt Bréck ass 131,385.

Nordkapp vum Viaduc

Et ass eng Boubréck mat 21 Béi, an enger Totallängt vun 260 Meter. D'Béi hunn en Duerchmiesser vun 10 Meter, an d'fräi Héicht ënner de Béi ass 18 Meter. D'Bréck ass mat Bloe Steng gebaut, an tëscht de Béi, an an dem Glänner mat Zille verkleet.

Si ass d'Ramp fir an d'Nordentrée vum Tunnel vun Dolhain och Tunnel de Moutarde genannt.

D'Bréck geet beim südleche Kapp iwwer d'Weser an um nërdleche Kapp mat 2 Béi iwwer d'Nationalstrooss N61.

Vum Südkapp aus gesinn