De Viaduc vu Cize-Bolozon ass eng Eisebunns- a Stroossebréck am Departement Ain, déi iwwer de Floss Ain ewech, Bolozon mat Corveissiat verbënnt (Cize ass e bësse weider südlech).

En TGV fiert iwwer de Viaduc (2011).

E läit tëscht de Kilometerpunkte 24,634 a 24,903 vun der Eisebunnsstreck Bourg-en-Bresse - Bellegarde och nach Ligne du Haut-Bugey genannt. En huet zwéin Niveauen: deen ënneschten ass fir den Autoverkéier an deen ieweschte fir d'Zich. De Viaduc ass 273 m laang a besteet aus 11 Béi op zwéin Niveauen, déi maximal 73 m héich sinn.

D'Compagnie des Dombes et du Sud-Est huet de Viaduc 1872 no Pläng vum Jean-François Blassel baue gelooss; e gouf 1875 a Betrib geholl. Am Zweete Weltkrich den 12. Juli 1944 gouf e vun der Résistance gesprengt an 1945-1946 nees wéi virdrun opgeriicht. 1950 sinn nees Zich driwwer gefuer.

Tëscht 2007 an 2010 gouf d'Bréck renovéiert an d'Streck elektrifizéiert, fir d'TGV-Verbindung Paräis - Genf iwwer d'Linn du Haut-Bugey driwwer kënnen ze féieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Viaduc vu Cize-Bolozon – Biller, Videoen oder Audiodateien