Vesta (Rakéit)
franséisch Héichtefuerschungsrakéit
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Rakéit Vesta . Fir aner Begrëffer mam Numm Vesta, kuckt wgl. Vesta (Homonymie). |
DVesta ass eng franséisch Héichtefuerschungsrakéit, déi tëscht 1965 a 1969 vun Hammaguir a vum Centre Spatial Guyanais fënnefmol gestart gouf. D'Vesta ass eng vergréissert Weiderentwécklung vun der Véronique-Rakéit.
D'Notzlaascht vun der Vesta war 500 kg, d'maximal Héicht 400 km, de Startschub 140,00 kN, d'Startmass 5700 kg, den Duerchmiesser 1,00 m an d'Längt 10,20 m. De Motor gouf mat Terpetäin als Dreifstoff a Salpéitersaier als Oxidant ugedriwwen. D'Dreifstoffer goufe mat Drockgas ouni Pompelen an d'Dreifwierk gedréckt.
Bei zwéi Flich ware Makakenafen u Bord, déi nees lieweg erëmkoumen.
Startlëscht
ännerenDatum, Auerzäit UTC | Seriennummer | Startplaz | Maximal Héicht (km) | Bemierkung |
---|---|---|---|---|
15. Oktober 1965 | 001 | Hammaguir-Blandine | 150 | |
25. Oktober 1965 | 002 | Hammaguir-Blandine | 105 | |
7. Mäerz 1967, 09:42 | 004 | Hammaguir-Blandine | 243 | Mat Af Martine |
13. Mäerz 1967, 09:30 | 005 | Hammaguir-Blandine | 234 | Mat Af Pierette |
8. November 1969 | 006 | Centre Spatial Guyanais | 204 |
Um Spaweck
änneren- Encyclopedia Astronautica: [1]
- Jean-Jacques Serra: Veronique and Vesta