D'Valloirette ass e Gebiergsfloss an de franséischen Alpen an der Savoie an an den Hautes-Alpes.

Valloirette
D'Valloirette am ieweschte Laf
Längt 22,8 km
Héicht vun der Quell
oder Zesummelaf
2.100 m
Duerchschnëttsdebit ? m³/s
Fläch vum Baseng ? km²
Leeft an: Arc
Floss - Hydrologie

Si entsteet um Nordhank vum Galibier eng ronn 5 Kilometer nordëstlech vum Col du Galibier op enger Héicht vu ronn 2.100 Meter, um Lieu-dit Jargette aus dem Zesummelaf vum Ruisseau de la Jargette an dem Offloss vum Lac des Mottets dee vum Ruisseau des Chardonnets, dem Ruisseau des Cerces an dem Ruisseau de la Ponsonnière gefiddert gëtt.

Vun do un leeft se gréisstendeels an nërdlecher Richtung laanscht Departementale D902 wou se op enger Héicht vu 1.750 Meter tëscht La Grande Charmette a La Petite Charmette vun der Lauzette gefiddert gëtt. Bei Bonnenuit kritt se op enger Héicht vu ronn 1.680 Meter Gesellschaft vum Ruisseau de Bonnenuit a vum Torrent des Aiguilles. Tëscht Les Étroits a Pratier leeft de Grand Began dran. Kuerz no Les Verneys kritt se d'Waasser vun der klenger Baach Benoit dobäi, a kuerz viru Valloire nach den Zesummefloss vum Rio Pessin an dem Ruisseau de Pémian. Vun den Häng vum Col du Télégraphe lafen dann eng sëllege kleng Baachen dran, vun deenen déi nennenswäertst de Ruisseau des Granges ass. Do leeft se de ganzen Zäit an engem schmuele fielsegem Dall bis op Saint-Michel-de-Maurienne wou se op enger Héicht vu 690 Meter an den Arc leeft.

Zesummelaf vu Lauzette a Valloirette
mat Vue an den Dall vun der Lauzette
D'Valloirette zu Valloire