Véronique

weibleche Virnumm

Véronique, resp. Veronika ass e weibleche Virnumm, deen op eng chrëschtlech Helleg zeréckgeet.

E kënnt aus dem Griichesche vu pherenike, wat "Bréngerin vun der Victoire" bedeit.

Déi eenzel Bestanddeeler vum Wuert sinn:

  • φέρειν - droen
  • Νίκη - d'Victoire

Déi gebräichlechst franséisch a lëtzebuergesch Diminutivform vum Virnumm ass Vero, déi däitsch ass Vroni, an déi russesch sinn Nika a Ronja.

Hellegelegend änneren

 
D'Véronique mam Schwessduch, e Konschtwierk vum Hans Memling

D'Helleg Véronique soll dem Jesus bei senger Passioun e Schweessduch ginn hunn, fir säi Gesiicht ofzebotzen.

Am Volleksmond heescht et, datt den Numm Véronique vum laténgeschen vera (wouer, echt) a vum griicheschen Εικών (eikon, Bild) ofstame soll. Deemno soll d'Hellegt Véronique dat "richtegt Bild" vum Jesus um Schweesduch kritt hunn.

Gedenkdag änneren

Hire Gedenkdag ass de 4. Februar.

Bekannt Frae mat deem Virnumm änneren

Véronique änneren

Veronica änneren

Veronika änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Helleg Veronika – Biller, Videoen oder Audiodateien