Universitéit vu Franeker

D'Universitéit vu Franeker och nach Akademie vu Friesland (lat. Academiae Franekerensis) war eng hollännesch Universitéit zu Franeker an der Provënz Friesland. Si bestoung vun 1585 bis 1811. No der Universitéit Leiden war si déi zweeteelst Universitéit an Holland.

Universitéit vu Franeker
Typ Universitéit
Land Holland
Gegrënnt 15. Juli 1585
De Stéch „De Academia van Vrieslant“ aus Winsemius, Chronique van Frieslant, Franeker 1622

Geschicht änneren

D'Universitéit vu Franeker gouf de 15. Juli 1585 vun der frisescher Provënzregierung, de Provënzstaaten, gegrënnt, fir reforméiert Priedeger a Beamte fir den neie Staat auszebilden. D'Wal war op Franeker gefall, well do fréier Klouschtergebaier zur Dispositioun stoungen an d'Stad wärend dem Krich géint Spuenien méi sécher war wéi d'frisesch Haaptstad Leeuwarden.

D'Universitéit gouf aus agezunnenem Kierchebesëtz finanzéiert a krut als Opsiicht véier Kuratoren, déi vun de Provënzstaaten ernannt goufen. Déi reforméiert Kierch hat keen direkten Afloss.

Wärend dem Gëllenen Zäitalter am 17. Joerhonnert erlieft d'Universitéit eng grouss Zäit. Si gouf vu villen auslännesche Studenten besicht, déi zäitweis d'Hallschent vun de Studenten ausgemaach haten. Si koumen virun allem aus reforméierte Gebidder aus Däitschland an Ungarn. Am 18. Joerhonnert hat d'Bedeitung vun der Universitéit ofgeholl an hat nëmmen nach regional Bedeitung. Wéi Holland an dat Franséischt Keeserräich eingegliddert gouf, blouwen nëmmen dräi Universitéiten, Leiden, Utrecht a Groningen. D'Universitéit vu Franeker gouf zougemaach.

Vun 1813 bis 1843 huet se nach als Akademie ouni Universitéitsstatus weiderfunktionéiert. An Däitschland gouf et mat der Héijer Schoul Herborn eng vergläichbar calvinistesch Bildungsariichtung, zu där och e grousse Kontakt bestoung.

Bekannt Professeren a Studenten änneren

Literatur änneren

  • Jacob van Sluis: University of Franeker. In: Wiep van Bunge (Hrsg.): The dictionary of seventeenth and eighteenth-century Dutch philosophers. Vol. 1: A–J, Thoemmes Press, Bristol 2003, S. 314–317.
  • Willem Roelf Henderikus Koops: Academisch onderwijs in Franeker en Groningen, 1585–1843, ijver en wedijver. Universiteitsmuseum, Groningen 1985.
  • G. Th. Jensma und F. R. H. Smit (Hrsg.): Universiteit te Franeker, 1585–1811. Bijdraagen tot de geschiedenis van de Friese Hogeschool. Fryske Akademy, Leeuwarden 1985.

Um Spaweck änneren