Universitéit vu Coventry

Universitéit

D'Universitéit vu Coventry (Coventry University) ass eng Universitéit déi zu Coventry, am Zentrum vun England lokaliséiert ass. Zu Coventry studéiere 17.000 Studenten, an et ass eng renoméiert Universitéit am Autodesignberäich an an den Ingeniuerswëssenschaften.

Universitéit vu Coventry
Typ Universitéit, Héichschoul
Land Vereenegt Kinnekräich
Uertschaft Coventry
Gegrënnt 1970
Um Spaweck https://www.coventry.ac.uk/

Geschicht änneren

D'Geschicht vun der Universitéit huet 1843 mat der Kreatioun vum Coventry College of Design ugefaangen. 1970 hunn de Coventry College of Art, de Lachester College of Technology an de Rugby College of Engineering Technology fusionéiert fir de Lanchester Polytechnic ze forméieren. Den Numm ass en Hommage un den engleschen Automobilspionéier Frederik Lachester. 1870 krut den Institut den Numm Coventry College of Design, an 1992, mam Further Education and Education Act, kritt d'Universitéit de Status Coventry University.

De 27. November 2015, gewënnt d'Universitéit de wichtege Präis Universitéit vum Joer 2015 vun der amerikanescher Wochzäitschrëft Times Higher Education magazine.

Campus änneren

De Campus vun der Universitéit läit am Weste vum Centrum vu Coventry, nieft der Kathedral vu Coventry an nieft der Herbert Art Gallery and Museum.

Am Joer 2012, gouf en neit innovatiift Gebai fir d'Fakultéit vun den Ingenieurswëssenschaften ageweit.