Unité de garde et d'appui opérationnel

D'Unité de garde et d'appui opérationnel (ofgekierzt UGAO) ass déi lëtzebuergesch Bereetschaftspolice an Deel vun der Direction centrale police administrative vun der Police grand-ducale. D'UGAO ass ënnerdeelt an de Service Palais, de Support aérien, de Groupe canin an de Groupe de garde et de protection, déi all landeswäit ënnerstëtze sollen an och spezifesch Aufgaben hunn, virun allem Gard, Protektioun, etc.

Ënnerdeelung an Aufgaben änneren

Service Palais änneren

De Service Palais këmmert sech virun allem ëm d'Site vun der groussherzoglecher Famill:

  • Gard vun de Residenze vun der groussherzoglecher Famill (Groussherzogleche Palais, Schlass Bierg, Schlass Fëschbech)
  • Zougangskontroll op de Site
  • Peripheriesiwwerwaachung
  • Sécherheets- an Éieremissioun
  • Uerdnungs- a Verkéiersservice
  • Empfänke vu Schrëftverkéier a Päck
  • Dierwiechtersservice fir d'Geriicht Dikrech

Support Aérien - SUPA änneren

 
De Policehelikopter mat der Registréierung LX-PGA um Findel

De Support Aérien (ofgekierzt SUPA) erfëllt seng Missioune mam eenzege lëtzebuergesche Policehelikopter, enger MD-902, déi vu LAR-Pilote geflu gëtt a mat Opérateure vum SUPA gesat gëtt. D'Rufzeeche vun dësem Helikopter ass Police 1. D'Aufgabe vum SUPA sinn:

  • Generell Iwwerwaachung vum nationalen Territoire
  • Präventiv Flich géint d'Kriminalitéit
  • Ënnerstëtzung vu Buedemunitéiten aus der Loft
  • Sich no vermësste Persounen
  • Encadrement vu Groussevenementer
  • D'Huele vu Fotoen
  • Evaluatioun an Iwwerwaachung vum Stroosseverkéier
  • Iwwerwaachung vu verschiddene Geldtransporter
  • Ënnerstëtzung vu Grenzregiounen (Belsch, Däitschland) op Ufro

Statistik änneren

2017 war den Helikopter von der Police am Ganze 620 Stonnen an der Loft; dëst am Kader vu 761 Missiounen déi 552 Flich gefuerdert hunn[1].

D'Fluchstonne vum Helikopter hate follgend Zwecker:

  • 452 Stonne preventiv Patrullen um gesamten Territoire (373 Flich)
  • 168 Stonne Missiounsflich (179 Flich)
  • 17 Fluchstonnen hunn dem Training vun den Equipage gedéngt
  • 2 Fluchstonne ware fir den Training mat der USP geduecht
  • 6 Fluchstonne goufe mat der Arméi absolvéiert fir dës op hir KFOR-Missioune firzebereeden.

Groupe canin änneren

De Groupe canin schafft mat 16 däitsche Schéiferhënn a Malinoishënn (eng Varietéit vum belsche Schéiferhond), wouvun der 8 op d'Siche vun Drogen, 5 op d'Siche vun explosive Stoffer an 2 op d'Siche vu Brandbeschleuneger trainéiert sinn. Et gëtt 15 Hondsmeeschteren. D'Missioune vum Groupe Canin sinn:

  • Sich no Rauschgëfter
  • Präventiv Sich no explosive Stoffer
  • Opspiere vu Persounen an Objeten
  • Verdeedegung
  • Preventiv Patrullen a Kontrollen
  • Sich no Brandbeschleuneger
  • Fänke vun ausgebrachenen oder agressiven Hënn
  • Betäube vun aneren Déieren a kritesche Situatiounen

Groupe de garde et de protection - GGP änneren

Cadre permanent

  • Ausbildung an Encadrement vu GIBs-Memberen
  • Koordinatioun an Iwwerwaachung vum Transport vu Gefaangenen
  • Gestioun a Kontroll vun den Avertissements taxés (Protokoller)
  • Gestioun vum Fuhrpark, vun den Ekipementer a vun den de Policelokaler
  • Koordinatioun an Iwwerwaachung vun den äußere Grenze vum Centre des Conférences Kirchberg
  • Réckféierung vu Persoune fir déi en Haftbefeel ausgestallt gouf
  • Speziell Missiounen: Réckféierungen (Ofschiebungen), Ausliwwere vu Gefaangenen un Ambassaden
  • Verantwortlech wärend der Permanence

Groupe des inspecteurs et brigadiers (GIB)

  • Service fir Gard, Sécherheet a Protektioun
* Transport vu geféierleche Gefaangen a Verurteelten
* Gard vu Gefaangenen a festgehalene Persounen am Spidol (7 Deeg op 7, 24 Stonnen op 24)
* Dierwiechterservice fir d'Geriichter Lëtzebuerg an Dikrech
* Sécherheetsposte beim Ausseministère
* Uerdnungsservice bei der Chamber (wärend den ëffentleche Sëtzungen)
* Sécherheetsposte bei der US-Ambassade a beim EU-Conseil um/zu Kierchbierg/Senningen
  • Verschidde Patrullen
* Protektioun vu sensible Plazen
* Begleedung a Kontrollen an nationalen Zich
* Verstäerkung mat motoriséierte Patrullen oder zu Fouss fir déi regional Bezierker
  • Verstäerkung vun den zentrale Servicer a regionalen Direktiounen
* Réckféierunge vun Asylanten (no der Reegelung vun Dublin)
* Speziell Servicer (Manifestatiounen, Fussballsmatcher, etc.)

Referenzen änneren

  1. RAPPORT D'ACTIVITÉ 2017 DE LA POLICE GRAND-DUCALE