Union luxembourgeoise des associations du secteur culturel

D'ULASC, Union luxembourgeoise des associations du secteur culturel, ass de lëtzebuergeschen Daachverband vun de Veräiner, déi déi verschidde Kultursecteure representéieren. Juristesch gesinn ass d'ULASC eng De-facto-Associatioun (FR: association de fait), déi wéinst der Kris vun der COVID-19-Pandemie am Fréijoer 2020 gegrënnt gouf.

D'ULASC huet ënner hire Memberen eng Ëmfro gemaach, fir d'Zuel vun annuléierten oder verréckelten Evenementer am Secteur ze schätzen a Kataloge vu Revendicatiounen opzestellen. Déi Dokumenter goufen de 27. Abrëll 2020 an enger Entrevue mat der Ministesch Sam Tanson[1] iwwerginn an diskutéiert, ë. a. fir eng Extensioun vun de Covid-19-Spezialmoossnamen am Kader vum Kënschtlerstatut ze froen.

Memberen änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Gouvernement 2020. Échange de Sam Tanson avec les fédérations luxembourgeoises du secteur culturel dans le cadre de la lutte contre le COVID-19. Communiqué du Gouvernement du 28.04.2020. https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2020/04-avril/28-tanson-federations.html