Uergel an der Kierch Mäertert

Déi éischt Uergel an der Kierch vu Mäertert gouf 1859 vun der Uergelmanufaktur Breidenfeld vun Tréier opgeriicht, en Atelier, deen och Uergele fir d'Kierche vu Gréiwemaacher, Ettelbréck, Pafendall an d'Paterkierch zu Lëtzebuerg gebaut huet.

Nom Neibau vun der Mäerterter Kierch 1885-86 gouf déi al Uergel an déi nei Kierch iwwerholl.

Déi zweet Uergel mat 15 Regësteren huet de Georg Haupt vun der Lëntgener Uergelfabréck 1949 gebaut. Den 18. Dezember 1949 gouf déi nei Uergel a Presenz vum Minister fir Erzéiung, Kultur a Wëssenschaften, dem Pierre Frieden, vum Deche vu Gréiwemaacher Ch. Huss feierlech ageweit.[1]

1989 gouf d'Instrument fir d'éischt vum H. Schmidt vu Lëntgen restauréiert.
Doropshin hat se 20 Regëstere mat Extensiounen, eng Schwëllkëscht an eng elektropneumatesch Traktioun.

2008 koum et zu enger zweeter Restauratioun. Déi Kéier gouf se vun der Uergelmanufaktur Thomas Gaida aus dem däitsche Wemmetsweiler gemaach.
Duerno hat d'Uergel dräi Manualer plus Pedall, 27 Regësteren an 31 Extensiounen. Vun do un ass déi elektropneumatesch Traktur elektronesch gesteiert. Eng Setzeranlag gouf agebaut, déi mat A-H/1-8 4.098 Kombinatiounen erlaabt. An hir sinn haut nach 11 Regësteren aus der éischter Uergel vun 1859 mat dran.

Dispositioun änneren

Haaptwierk änneren

  • Bourdon 16'
  • Prinzipal 8'
  • Holzflütt 8'
  • Gedackt 8'
  • Salicional 8'
  • Oktav 4'
  • Traversflütt 4'
  • Prinzipal 2'
  • Mixtur IV 2'
  • Krommhar 8'
  • Trompett 16'
  • Trompett 8'
  • Trompett 4'

Schwëllwierk änneren

  • Stëllgedackt 8'
  • Viola da Gamba 8'
  • Vox coelestis 8'
  • Flütt 4'
  • Quint 2 2/3'
  • Blockflütt 2'
  • Terz 1 3/5'
  • Schaarf III 1'
  • Tuba mirabilis 8'
  • Tremulant

Solowierk, dat och um Schwëllwierk ka gespillt ginn änneren

...

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Die Feier der Orgelweihe in Mertert am Luxemburger Wort vum 19. Dezember 1949