Uergel Kierch Jonglënster

D'Uergel an der Kierch vu Jonglënster gouf ëm 1600 vun engem onbekannten Uergelbauer fir d'Märjendaller Klouschter gebaut.

D'Uergel vum Chouer aus gekuckt

Wéi d'Klouschter 1792 opgeléist gouf, huet de Paschtouer Karl Clemens Molitor se de 15. September fir 40 Louis d'or kaaft a s'um Duxall vun der Jonglënster Kierch, deen extra dofir gebaut gouf, opriichte gelooss. Den Uergelbauer Jean Nollet huet fënnef Konsolen un de Buffet ugepasst. De barocken Uergelprospekt ass, wéi den Héichaltor räich mat Engelskäpp dekoréiert.

1887 huet de Charles Wetzel vu Stroossbuerg eng komplett nei Uergel an de Buffet agebaut, mat engem säitleche Spilldësch, enger mechanescher Traktur an 12 Regësteren, déi op 2 Manualen an eng Pedall verdeelt waren.

1939 huet de Georg Haupt d'Uergel renovéiert: Déi hëlze Päifen, an deenen den Holzwuerm souz, goufen ersat, zwéi Regëstere goufen ausgetosch an zwéin zousätzlecher koume bäi (Oboe a Soubasse). Och d'Gebléis gouf moderniséiert, an den Duxall méi breet gemaach. Dat original Gelänner ass bliwwen.

Bis ewell fir d'lescht gouf d'Uergel 2009/2012 vun der Uergelmanufaktur Hugo Mayer vun Heusweiler (Saarland) op Basis vun der Technik a vum Klangkonzept vum Charles Wetzel restauréiert a stilistesch passend vergréissert. Déi al Päife goufe bäibehalen.

D'Uergel gouf de 5. Mäerz 2004 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Dispositioun änneren

1. Manuel: Bourdon 16' (1887), Montre 8' (1887), Bourdon 8' (1887), Gambe 8' (1939), Flûte harm. 8' (2009), Prestant 4' (1887), Flûte à cheminée 4' (1887), Doublette 2' (2009), Cornet V 8' (2009), Plein-jeu IV 2' (1887), Trompette 8' (2009), Tremblant.

2. Manual: Diapason 8' (2009), Flütt Amabille 8' (1887), Salicional 8' (1939), Voix céleste 8' (2009), Flûte octaviante 4' (1887), Nasard 2 2/3' (2009), Flageolet 2' (1887), Tierce 1 3/5' (2009), Trompette harm. 8' (2009), Oboe 8' (1939), Voix humaine 8' (2009), Tremblant.

Pedal: Soubasse 16' (1939), Flûte 8' (2009), Violoncelle 8' (2009), Bourdon 8' (Transmission), Prestant 4' (Transmission), Bombarde 16' (2009), Trompette 8' (Transmission).

Koppelne: II-I, II-P, I-P, II-I, 4'II-II, 4'II-I, 16'II-II, 16'II-I, 4'II-P.

Mechanesch Spil- a Regestertraktur, Setzeranlag.

Um Spaweck änneren

Commons: Uergel Kierch Jonglënster – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).