Uergel Kierch Betteng op der Mess
D'Uergel an der Méchelskierch zu Betteng op der Mess gouf tëscht 1988 an 1990 opgeriicht. Et ass eng Westenfelder Uergel.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/11/Uergel_Betten_op_der_Mess.jpg/400px-Uergel_Betten_op_der_Mess.jpg)
Dës Uergel, déi am Chouer vun der Méchelskierch zu Betteng op der Mess steet an haaptsächlech als Begleetinstrument vum Kierchechouer geduecht ass, gëtt awer och als Concertsuergel gebraucht.
D'Uergel huet 2 Manualer an 1 Pedall.
Dispositoun (Regësteren)
änneren- Um éischte Manual (Haaptwierk):
Gedeckt 16' - Principal 8' - Rohrgedeckt 8' - Oktave 4' - Oktave 2' - Quinte 1 1/3 - Oktave 1' - Schalmey 8'
Eng kleng Mixtur ka gespillt gi wann d'Oktave 2', d'Quinte 11/3' an d'Oktave 1' matenee gespillt ginn.
- Um zweete Manual (Positiv):
Gedeckt 8' - Rohrflöte 4' - Nasat 2 2/3' - Quarte 2' - Terz 1 3/5' - Tremulant
Duerch d'Zesummespill vum Nasat 2 2/3', der Quart 2' an der Terz 1 3/5' kënnt e Cornet eraus.
- Pedall:
Subbass 16' - Principal 8' - Oktave 4' - Schalmey 8'
Dës 4 Regëstere sinn alleguer vum Haaptwierk erofgeholl, soudatt et 13 Vollregëstere gëtt, mat 17 Regësterméiglechkeeten.
Déi 3 Klaviature kënne matenee gekoppelt ginn:
I / Pedall - II / Pedall - I / II
D'Spill an d'Regëstertraktur si mechanesch an d'Uergel huet am Ganze 702 Päifen.