Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En UCI ProTeam ass eng Ekipp am Vëlossport déi vun der Union cycliste internationale (U.C.I.) eng Lizenz ausgestallt krut fir un de Coursse vum UCI ProTour matzemaachen.

En UCI ProTeam besteet aus den Titulaire vun der UCI ProTour-Lizenz, déi bei der U.C.I. als Member vun hirer Ekipp agedroe sinn, engem Verantwortleche fir d'Finanzen, Sponsoren an all aner Persounen (Manager, Sportsdirekter, Trainer, Ekippendokter, paramedezineschen Assistent, Mecanicien, Comptabel...) déi beim Verantwortleche fir d'Finanzen ënner Kontrakt stinn.

All UCI ProTeam muss e Minimum vu Leit mat enger Vollzäitaarbecht iwwer d'ganz Joer astellen. Et sinn dat: 25 Vëlossportler, 2 Sportsdirekteren an 8 aner Persounen.

D'Nationalitéit vun engem UCI ProTeam gëtt duerch de Sëtz vum Verantwortleche fir d'Finanzen festgeluecht.