Den Tuermbau zu Babel (oder Tuerm vu Babel) ass eng biblesch Erzielung aus dem Buch Genesis (Gen 11, 1-9) am Alen Testament. Och wa se just 9 Verse laang ass, ass et mat eng vun de bekanntste bibleschen Erzielungen.

"D'Sproocheverwuerelung"; Bibelillustratioun vum Gustave Doré (1865)
De groussen Tuermbau zu Babel vum Pieter Bruegel dem Eeleren.

Et geet do rieds vun engem Vollek aus dem Osten, dat déi eng (d.h. helleg) Sprooch schwätzt a sech am Land Schinar usidelt. Do wëll et eng Stad an en Tuerm "mat enger Spëtzt bis an den Himmel" bauen. Doropshin ass den Härgott erofgeklommen, fir sech déi Saach unzekucken, a krut Angscht, datt de Mënschen näischt méi onereechbar kéint ginn, wat och ëmmer se wëlles hätten. Hien huet hinnen dofir hir Sprooch "verwuerelt", sou datt kee méi deen anere verstoe kéint, a s'iwwer d'ganz Äerd verdriwwen. Den Tuerm konnt deemno net fäerdeg gebaut ginn.

Den Numm vun der Stad, "Babel" ("bbl") kléngt op Hebräesch änlech wéi bll ("verwuerelen").

Nieft der Symbolik - d'Warnung, datt wann een iwwermiddeg gëtt, dat negativ Konsequenzen huet - huet d'Geschicht an sou wäit en historesche Kär, datt et zu Babylon effektiv en Tuerm gouf, eng Zikkurat, där hir Fëllementer 1913 vum däitschen Architekt an Archeolog Robert Koldewey fräigeluecht goufen.

Änlech Soe vun engem Tuermbau gëtt et an anere virasiatesche Kulturen an och aus Indien, China, Afrika, Amerika an dem pazifesche Raum.[1]

An der Molerei gouf d'Episod vum Tuerm vu Babel gär als Symbol vun der mënschlecher Hybris thematiséiert.

Literatur änneren

  • Wilhelm Andrae: Wie sah der Turm zu Babel aus? In: Reclams Universum. 43.1 (1927), Heft 12, 16. Dezember 1926, S. 326–327 und Titelblatt.
  • Fritz Krischen: Weltwunder der Baukunst in Babylonien und Jonien. E. Wasmuth, Tübingen 1956.
  • Der babylonische Turm in der historischen Überlieferung, der Archäologie und der Kunst. Milano 2003 (Der Turmbau zu Babel, 1).
  • Joachim Ganzert (Hrsg.), Stephan Albrecht: Der Turmbau zu Babel. Maßstab oder Anmaßung? Biberacher Verlagsdruckerei, Biberach 1997, ISBN 3-924489-86-6 (Ausstellungskatalog).
  • Helmut Minkowski: Vermutungen über den Turm zu Babel. Luca, Freren 1991, ISBN 3-923641-36-2.
  • Christoph Uehlinger: Weltreich und „eine Rede“. Eine neue Deutung der sogenannten Turmbauerzählung (Gen 11, 1–9). Vandenhoeck & Ruprecht, Göttingen 1990, ISBN 3-525-53733-6 (teilweise zugleich Dissertation, Freiburg (Schweiz) 1989).
  • Ulrike B. Wegener: Die Faszination des Maßlosen. Der Turmbau zu Babel von Pieter Bruegel bis Athanasius Kircher. Olms, Hildesheim u. a. 1995, ISBN 3-487-09965-9 (Studien zur Kunstgeschichte, Band 93; zugleich Dissertation, Hamburg 1990/91).

Um Spaweck änneren

Commons: Tuermbau zu Babel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Fred Hartmann: Der Turmbau zu Babel – Mythos oder Wirklichkeit?. SCM Hänssler, 1999, ISBN 3-7751-3432-8.