Tsutomu Seki

japaneschen Astronom

Den Tsutomu Seki (関勉 Seki Tsutomu), gebuer den 3. November 1930 zu Kōchi, ass e japaneschen Amateurastronom. Hien ass Leeder vum Geisei-Observatoire zu Kōchi, a Member bei der Koméitesektioun vun der Oriental Astronomical Association.

Tsutomu Seki
Gebuer 3. November 1930
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Museksprofesser

De Seki ass eigentlech en ausgebilte Concertgittarist, huet sech awer am Laf vun der Zäit ëmmer méi der Astronomie zougewannt, mat der Spezialitéit Koméitesich.

Bis elo huet hie 34 nei Koméiten entdeckt, dorënner 1965 de ganz hellen Koméit Ikeya-Seki, dee souguer am Dag nieft der Sonn konnt gesi ginn.

Doriwwer eraus huet hien 218 Asteroiden entdeckt, vun deenen hien der vill no Uertschaften a touristesche Plazen aus senger Géigend benannt huet, wéi (2396) Kochi, (2571) Geisei oder (2582) Harimaya-Bashi.

Um Spaweck änneren