Trauerbuch zu Bouferdeng

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

Déi bemierkenswäert Trauerbuch zu Bouferdeng steet am Park beim Altersheem, nieft dem Wee dee lénks laanscht d'Gebai féiert.

D'Trauerbuch am Park zu Bouferdeng (Mee 2008).
Den Opbau vum Bam. D'Altersheem am Hannergrond.
E queeschen Aascht, de parallel zum Wee gewuess ass.

Si gehéiert wéinst hirem Alter, deen op ronn 140 Joer geschat gëtt, an och hirer imposanter Erscheinung, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Ee vun den Haaptäscht ass ronderëm de Stamm gewuess, huet sech horizontal a parallel zum Wee ausgebreet, fir dann no zirka 5 m no uewen ze wuessen. Dësen Aascht huet missen duerch zwou Stäipe geséchert ginn.

Am Mee 2008 gouf de Wee deen ënner dem Bam erduerch féiert aus Sécherheetsgrënn ëmgeleet. De Problem konnt awer behuewe ginn an am August duerno ass de Wee an och d'Bänk ënner dem Bam erëm fräi zougänglech.

D'Trauerbuch am Allgemengen ass e sougenannte Kultivar, also eng vu Gäertner geziichte Varietéit vun der Routbuch (Fagus sylvatica), déi an de Bëscher an Europa natierlech virkënnt.

Am Park zu Bouferdeng gëtt et nach e puer aner bemierkenswäert Beem:

Geographesch Koordinaten: 49° 41’ 20’’ N 06° 08’ 21’’ O

Quellen Änneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 80, Text a Foto.)

Kuckt och Änneren