Tower Bridge
D'Tower Bridge ass eng Stroossebréck iwwer de Floss Themse zu London, déi nom Tower of London nobäi genannt ass. Se gouf 1894 a Betrib geholl a verbënnt de Quartier Tower Hamlets op der Nordsäit mam Quartier Southwark am Bezierk London Borough of Southwark op der Südsäit. D'Haaptstrooss A 100 geet iwwer d'Bréck. Eng 40.000 Gefierer fueren all Dag driwwer.
Geographie | |
---|---|
Land | Vereenegt Kinnekräich |
Plaz | London |
Koordinaten |
51° 30’ 20’’ N 0° 04’ 32’’ W |
Funktioun | |
Benotzt als |
Stroossebréck Foussgängerpasserelle |
Benotzt vun | A100 |
Féiert iwwer | Thames |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp |
Hänkbréck Klappbréck |
Totallängt | 286,50 m |
Längt tëscht Widderlager | 253 m |
Gréisst Iwwerspanung | 79 m |
Felder/Béi | 3 |
Feldbreet(en) | 82,30 - 60,96 - 82,30 |
Breet | 18,30 m |
Héicht | 65 m |
Material |
Stol Mauerwierk aus Granit a Portlandsteen |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 30. Juni 1894 |
Architekt(en) Konzeptioun |
Horace Jones John Wolfe Barry |
Entreprener |
Sir William Arrol & Co William George Armstrong |
D'Tower Bridge ass eng 286,50 Meter laang kombinéiert Hänk- an Hiefklappbréck am viktorianesch - neigotesche Stil an déi ëstlechst Themsebréck vu London. Déi zwéi Bréckentierm si 65 Meter héich a leien 61 Meter vuneneen ewech. An enger Héicht vun 43 m iwwer der Fuerbunn sinn zwou Foussgängerpasserellen, déi déi zwéin Tierm uewen zesummespanen an déi horizontal Zuchkräften un d'Drokette vun den Hänkbrécke viruleeden. Déi zwéi Plateaue vum ënneschten Tablier kënnen an engem Wénkel vu 86 Grad eropgeklappt ginn.
Um Norduwänner leien den Tower of London an d'St Katharine Docks, op der Südsäit d'City Hall.
-
Déi oppe Baskülen
-
An der Schummerecht, vu Süden aus
-
Aus der Loft
-
Vue vun der Strooss
-
Ëm 1900: E Schëff ënner der oppener Bréck
-
Bei den Olympesche Spiller 2012
Um Spaweck
ännerenCommons: Tower Bridge – Biller, Videoen oder Audiodateien |