Torhout

belsch Gemeng

Torhout ass eng Stad an der belscher Provënz Westflandern. Si huet ronn 20.000 Awunner a gëllt als Haaptstad vum Houtland.

Torhout
Torhout wapen.jpg
Torhout - City hall 1.jpg
Land Belsch
Regioun Flag of Flanders.svg Flandern
Communautéit Flag of Flanders.svg Flämesch Communautéit
Provënz Flag of West Flanders.svg Provënz Westflandern
Arrondissement Bruges
Awunner 20.530 (1 Januar 2018)
Fläch 45,23 km²
Koordinaten 51° 18’ 54.25’’ N
      03° 07’ 51.78’’ O
Telefonszon 050
Postcode 8820
Websäit https://www.torhout.be/
Torhout West-Flanders Belgium Map.svg

GeschichtÄnneren

Torhout gouf ëm 830 als "Vita Bavonis" eng éischt Kéier ernimmt. Virdru gouf et do awer schonn eng réimesch Siidlung, vun där 2010 Reschter fonnt goufen. Am Fréimëttelalter war et den Haaptuert vun engem fränkesche Pagus, dee méi spéit Deel vun der Grofschaft Flandern gouf.

Zanter dem 11. Joerhonnert gëtt et do e Joermaart, ënner dem Patronage vun der Buerg vu Wijnendale. 1183 huet de Philippe vum Elsass Torhout d'Stadrecht ginn.

Uertschaften an der GemengÄnneren

Entwécklung vun der Zuel vun den AwunnerÄnneren

  • Bron:NIS - Commentaire:1806 bis 1970: Stand = 31.Dezember; Vun 1977 un: Stand = 1. Januar
  • 1919: en Deel vun der Gemeng geet un d'Gemeng Veldegem (- 1,52 km² mat 51 Awunner)
  • 1977: Deeler vun Ichtegem (Wijnendale) an Aartrijke (Sparappel) komme bäi (+2,49 km² mat 1.165 Awunner)

KuckeswäertesÄnneren

  • D'romanesch St.-Pietersbandenkerk,
  • d'barrokt Stadhaus vu 1713 op der Maartplaz
  • d'Groene 62, eng fréier Eisebunnslinn, haut fir Vëlosfuerer a Spadséiergänger
  • d'Schlass Wijnendale
  • d'Schlass d'Aertrycke
  • d'Schlass Ravenhof

SossÄnneren

Vun 1977 bis 1998 gouf et zu Torhout de Musekfestival Rock Torhout, Deel vum Duebelfestival Torhout-Werchter.

TransportÄnneren

D'Stad läit laanscht d'A17/E403, an ass iwwer de Ring R34 mat hir verbonnen.

An der Stad kräize sech d'N32 an d'N33. D'N35 féiert südlech duerch d'Gemeng.

Am Norde leeft d'Eisebunnslinn 66 vu Brugge op Kortrijk.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Torhout – Biller, Videoen oder Audiodateien