Tom Kerger
Den Tom Kerger, 1974 an der Stad Lëtzebuerg gebuer, ass e Lëtzebuerger Theolog a Geeschtlechen.
Tom Kerger | |
---|---|
Gebuer |
17. Mee 1974 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theolog |
Formatioun
änneren- 1994-1999: Studium vun der kathoulescher Theologie zu Tréier an zu Roum.
- 2000: Priesterwei.
- 11. Juli 2009: Promotioun zum Dokter an der Theologie op der theologescher Fakultéit vun Tréier.
Karriär
änneren- 2000-2004: Kaploun zu Esch-Uelzecht.
- Zanter 2004: Paschtouer zu Kënzeg, Garnech a Koler.
- Zanter 2009: Professer fir Fundamentaltheologie am Séminaire an am Katecheteschen Institut an der Stad Lëtzebuerg.
Publikatiounen
änneren- Pia interpretatio - Vier christliche Theologen im Gespräch mit dem Islam; Trierer theologische Studien, Bd. 75, erausgi vun der Theologescher Fakultéit vun Tréier; Tréier (Paulinus Verlag), 2010.
- Cusanus und der Islam ; Broschür (156 S.), erausgi vum Walter Andreas Euler a vum Tom Kerger; Tréier, Paulinus Verlag, 2010; ISBN 978-3-7902-0228-1