Tom Barrett
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Thomas Mark Barrett, gebuer den 8. Dezember 1953 zu Milwaukee am Wisconsin, ass en US-amerikaneschen Diplomat a Politiker (Demokratesch Partei).
Tom Barrett | |
---|---|
Gebuer |
8. Dezember 1953 Milwaukee |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Universitéit vu Wisconsin-Madison |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | Democratic Party |
Hie war vun 1984 bis 1989 Deputéierten am Parlament vum Wisconsin, vun 1989 bis 1989 am Senat vun deem Staat a vun 1993 bis 2003 Deputéierten am Representantenhaus vum amerikanesche Kongress.
De 6. Abrëll 2004 gouf den Tom Barrett de 40. Buergermeeschter vun der Stad Milwaukee a gouf duerno bei de Walen 2008, 2012, 2016 an 2020 allkéiers erëmgewielt.
US Ambassadeur zu Lëtzebuerg
ännerenDe 25. August 2021 huet den amerikanesche President Joe Biden den Tom Barrett fir d'Plaz vum Ambassadeur zu Lëtzebuerg proposéiert. De Senat huet hien de 16. Dezember 2021 confirméiert an e gouf doropshin den 23. Dezember 2021 a sengem Amt vereedegt. Hien ass den 28. Januar 2022 zu Lëtzebuerg ukomm an huet den 10. Februar 2022 dem Groussherzog seng Lettres de créance iwwerreecht.
Den Tom Barrett ersetzt de Republikaner Randy Evans als Ambassadeur.
Um Spaweck
ännerenCommons: Tom Barrett – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Michael Merten, Christophe Olinger, Wie es Bidens Botschafter von Luxemburg ins Großherzogtum verschlug op wort.lu den 11. Mäerz 2022
- Michael Merten, Thomas Barrett ist neuer US-Botschafter in Luxemburg op wort.lu den 10. Februar 2022