Den Tito Mina, gebuer den 19. November 1948 zu Baguio, op de Philippinnen, a gestuerwen den 12. Abrëll 2024, war e philippinesche Museker.[1]

Tito Mina

Den Tito Mina koum aus enger musikalescher Famill, an huet sech fréi d'Gittar- an d'Ukulele-Spille selwer bäibruecht.[2] Hien huet gesongen, an eegen Texter geschriwwen a komponéiert. An de 1970er Joere gouf hie Member vun der Rockgrupp Hot Dogs, mat där hie mat Stécker wéi Both In Love, Ikaw Pa Rin a Got To Let You Know a sengem Heemechtland grouss erauskoum.

1977 huet hie seng spéider Fra, eng Lëtzebuergerin, kenne geléiert an ass mat hir op Lëtzebuerg wunne ganngen. Hien ass dunn do an an aneren europäesche Länner opgetrueden, an huet weider Musek komponéiert.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Doudesannonce op gedenken.lu.
  2. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Marc Thill: "Tito Mina ist tot - Liebe führte den Musiker einst nach Luxemburg." wort.lu, 25.05.2024.