E Red Herring (wuertwiertlech: rouden Hierk) ass eng Erzieltechnik, déi dora besteet, eng falsch Pist an der Erzielung ze leeën, déi d'Aktioun an d'Spannung virundreift, ouni datt se zu der Léisung vun der eigentlecher Handlung bäidroe géif. Et ass deemno en erzielerescht Oflenkungsmanöver.

Den Ausdrock soll drop zeréckgoen, well fréier, wéinst hirem staarke Geroch, gereezt Hierke benotzt goufe fir eng Gerochsspur (iwwer eng aner) ze leeën a sou d'Hënn op eng falsch Pist ze bréngen.

Kuckt och änneren