Thomas Chrowder Chamberlin
Den Thomas Chrowder Chamberlin, gebuer de 25. September 1843 zu Mattoon, Illinois, a gestuerwen de 15. November 1928 zu Chicago, war en US-amerikanesche Geolog.
Thomas Chrowder Chamberlin | |
---|---|
Gebuer | 25. September 1843 |
Gestuerwen |
15. November 1928 Chicago |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Universitéit vu Michigan, Beloit College |
Aktivitéit | Geolog, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Journalist |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences |
Vun 1873 bis 1882 war hie Professer am Beloit Collège, Wisconsin. Hien huet och fir d'US Geological Survey geschafft. Vun 1887 bis 1892 war hie President vun der University of Wisconsin, a vun 1892 bis 1918 war e Professer op der University of Chicago. An där Zäit war hie vun 1898 bis 1914 och President vun der Chicago Academy of Sciences.
Den Chamberlin hat d'Planéitesimaltheorie entwéckelt, déi spéider de Forest Ray Moulton weiderentwéckelt huet. 1893 huet den Chamberlin de Journal of Geologygegrënnt, vun deem hien den Editeur wärend ville Joer war. 1927 krut hien als éischte Laureat d'Penrose Medail vun der Geological Society of America.
Wierker
änneren- Outline of a Course of Oral Instruction. (1872)
- Geology of Wisconsin. (1877)
- The method of multiple working hypotheses. Science. v. 15:92–96p. (1890; PDF-Datei; 219 kB)
- Contribution to the Theory of Glacial Motion. (1904)
- zesumme mam Rollin D. Salisbury: Geology. (3 Bände, 1907-09)
- The Origin of the Earth. (1916)
- The Two Solar Families. (1928)
Um Spaweck
änneren- Biography by James S. Aber
- T.C. Chamberlin, The Method of Multiple Working Hypotheses (PDF Format)
- T. C. Chamberlin's "Method of Multiple Working Hypotheses": An encapsulation for modern students, by L. Bruce Railsback
- T.C. Chamberlin's "The Method of Multiple Working Hypotheses" as reprinted by Access Excellence with a commentary by Thomas M. Zinnen
- Chamberlin holdings at Beloit College Archives
- Expedition photographs from Beloit College Digital Collections