Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

The Prestige ass en US-amerikanesche Film vum Christopher Nolan[1][2], no engem Dréibuch, dat den Nolan mat sengem Brudder Jonathan geschriwwen huet, an dat um Roman mam selwechten Numm vum Christopher Priest baséiert. E koum den 30. Oktober 2006 an den USA eraus.

The Prestige
Film
Produktiounsland Vereenegt Kinnekräich,
USA
Première 17. Oktober 2006
Dauer 125 min
Faarf Faarweg
Format 2,35:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Christopher Nolan
Dréibuch Jonathan Nolan
Christopher Nolan
Fotografie Wally Pfister
Musek David Julyan
Schnëtt Lee Smith
Produzent Emma Thomas
Aaron Ryder
Christopher Nolan
Produktiouns-
gesellschaft
Touchstone Pictures
Warner Bros. Pictures
Newmarket Films
Syncopy
Schauspiller
Hugh Jackman als Robert Angier
Christian Bale als Alfred Borden
Michael Caine als John Cutter
Scarlett Johansson als Olivia Wenscombe
Piper Perabo als Julia McCullough
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Den Hugh Jackman (als Robert Angier) an de Christian Bale (als Alfred Borden) hunn d'Haaptrollen; weider bekannt Schauspiller sinn d'Scarlett Johansson, de Michael Caine, an den David Bowie als Nikola Tesla.

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Robert Angier an den Alfred Borden trieden allebéid als Zauberer op de Büne vu London, um Enn vum 19. Joerhonnert, op. Si rivaliséieren dorëms, ween déi bescht Zaubertricken opféiere kéint, wat zu engem trageschen Enn féiert...

Produktioun änneren

De Film huet bei senger Sortie weltwäit 109 Milliounen Dollar agespillt, bei Produktiounskäschte vu 40 Milliounen. E gouf fir den Academy Award fir bescht Dekoren a bescht Kamera nominéiert, ouni en ze gewannen.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. ‘The Prestige,’ Christopher Nolan, Jonathan Nolan
  2. The Prestige